Wärend Expeditioun a GeorgienZwee Lëtzebuerger-Belsch Piloten hu missen am Schwaarze Mier noutlanden

RTL Lëtzebuerg
Zwee Lëtzebuerger-Belsch Piloten hunn e Mëttwoch ee Fligeraccident um Schwaarze Mier iwwerlieft. Dat huet d'FAL en Donneschdeg de Moie matgedeelt.
© Private Pilot Expedition

Wéi d'Lëtzebuerger Fligerei-Federatioun FAL an engem Communiqué schreift, wiere béid Piloten op enger Expeditioun, déi vu Lëtzebuerg op Georgien féiert, an eng mësslech Situatioun geroden. Den Ultraliichtfliger war um Wee vum georgesche Batumi op Ordu-Giresun an der Tierkei, wéi op eemol de Motor op enger Héicht vun 2.000 Meter ausgefall wier.

Eng geplangten Noutlandung op engem Fluchhafe war net méi méiglech. Den erfuerene Pilot huet doropshin d'Decisioun geholl, um Waasser ronn 6,4 Kilometer virun der tierkescher Küst ze landen. De Manöver mat der klenger WT-9-Maschinn ass gegléckt a béid Pilote vu 55 a 69 Joer goufen net blesséiert. Si hate souguer nach genuch Zäit, fir hiert Gepäck aus dem Fliger ze huelen, ier si vun der Garde-côte gerett goufen, wéi am Schreiwes nach preziséiert gëtt.

Iwwer d'Ursaache vun der Motor-Pann kéint een den Ament nach näischt soen.

Schreiwes vun der FAL

Back to Top
CIM LOGO