Meisch reagéiert op Pisa-EtüdProjet Alpha an Eropsetze vun der Schoulflicht liwwere méi gerechte Bildungssystem

Marlène Clement
Monica Camposeo
D'Schoulrentrée steet virun der Dier. An deem Kader huet den Educatiounsminister en Donneschdeg de Moien eng Partie Annoncë virun der Press gemaach an op d'Resultater aus der Pisa-Etüd reagéiert.
© Monica Camposeo / RTL

Et wier eng "Rentrée vun der Gerechtegkeet", esou den DP-Minister. Mam Projet Alpha a mam Eropsetze vun der Schoulflicht bis 18 Joer, hätt ee schonn Äntwerte geliwwert fir ee méi gerechte Bildungssystem. Ronderëm Alpha géinge sech awer nach vill organisatoresch Froe stellen, gëtt de Claude Meisch zou. An den nächste Woche géing nach eng Kéier eng Informatiounscampagne fir de breede Public gemaach ginn iwwer de Projet fir d'Alphabetiséierung op Franséisch.

Vun dëser Schoulrentrée u bidden iwwerdeems och méi Lycéeë Francophone Klassen un. Konkret gëtt a 17 Lycéeën eng 7ème op Franséisch ugebueden. Parallel solle vun der nächster Rentrée un, also 2027, awer och däitschsproocheg Sektiounen an dräi Lycéeën ugebuede ginn, dat am Kader vun engem Pilotprojet.

Iwwer d'Resultater aus der Pisa-Etüd weist den Educatiounsminister sech besuergt. Gutt een Drëttel vun de 15 Joer ale Schüler am Grand-Duché hätt haut net déi néideg Kompetenzen, fir um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Dat géing nach emol ënnersträichen, datt et och sënnvoll ass, d'Schoulflicht eropzesetzen. D'Resultater aus der Pisa-Etüd ginn de 15. September an der parlamentarescher Educatiounskommissioun diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO