
D'nächsten Dënschdeg gëtt an der Chamber iwwer zwee Gesetzesprojeten ofgestëmmt, duerch déi den Asyl- a Migratiounspak vun der EU an nationaalt Recht iwwerholl soll ginn. Vu groussen Deeler vun der Oppositioun gëtt et awer zolidd Kritik um Zäitpunkt vum Vott, dee wier komplett iwwert de Knéi gebrach.
Op europäeschem Niveau goufen déi entspriechend Texter - et geet ëm aacht Reglementer an eng Direktiv, schonn am Fréijoer 2024 ugeholl. De Gesetzesprojet 8684 vum Inneminister Léon Gloden gouf de 14. Januar dëst Joer an der Chamber deponéiert, de Gesetzesprojet 8732 vum Familljeminister Max Hahn den 22. Abrëll. LSAP, déi Gréng, déi Lénk an d'Piraten haten en Donneschdeg an der Conférence des présidents gefuerdert, datt de Vott net en Dënschdeg soll sinn, mee no hanne verréckelt soll ginn. Dozou den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten:
"Mir schaffe lo zum Beispill nach Amendementer aus, déi da warscheinlech e Méindeg an der Kommissioun wäerten diskutéiert ginn, also een Dag virum Vott an der Chamber, dat muss ee sech mol virstellen. An da wäert Der gesinn, datt déi Amendementer all wäerte refuséiert ginn, well wa se se géingen unhuelen, kéinte se den Text en Dënschdeg net stëmmen. Hei ass menger Meenung no einfach eng grouss Show vun der Regierung awer eng seriö parlamentaresch Aarbecht ass esou net méiglech."
Virun allem datt de Familljeministère esou laang gebraucht huet, fir een Text virzeleeën, stéisst der Oppositioun sauer op. Zum Text vum Max Hahn läit bis elo iwwregens nach kee Rapport vir an déi ganz Chamber wäert deen och réischt e Méindeg kréien.
De gréngen Deputéierte Meris Šehović gëtt ze bedenken, datt déi spéit Iwwermëttlung vun den Texter net just d'Deputéiert betrëfft:
"Den Accueil vu Flüchtlingen ass ee Beräich, deen zu Lëtzebuerg net nëmme vum Staat organiséiert gëtt, mee wou eng ganz Rei vun zivilgesellschaftlechen Acteuren, ech soe lo mol Croix-Rouge, Inter-Actions, Hut, eng ganz Rei vun zivilgesellschaftlechen Acteuren, och Responsabilitéit iwwerhuelen. An et ass ganz sécher sou, datt innerhalb vun deem enge Mount, wou deen Text elo virläit, net déi noutwendeg Zäit do ass, fir datt d'Zivilgesellschaft sech anstänneg mat deem Text beschäftege kann."
Indirekt gehéiert nach een drëtte Gesetzesprojet vun der Justizministesch Elisabeth Margue zur Ëmsetzung vun deem Pak, iwwert dee gëtt en Dënschdeg awer net ofgestëmmt, dat erkläert de Marc Baum vun deene Lénken esou:
"Do huet de Staatsrot awer esou vill prinzipiell Froen opgestallt, datt deen Text wierklech net prett ass. Well et muss een och wëssen, datt dee Migratiounspak wäert dozou féieren, datt wesentlech méi Prozeduren a méi séier Prozeduren op d'Verwaltungsgeriichter zoukommen zu Lëtzebuerg, wat eventuell zu engem Standstill kéint féieren. Mer si lo schonn onheemlech wäit hannendra wat zäitlech Delaien ugeet."
D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert ass d'Rapportrice vum Gesetzesprojet vum Léon Gloden a weist sech iwwerrascht iwwert déi ganz Opreegung. Den Inneminister hätt schonn am Abrëll an der Conférence des présidents ugefrot, datt d'Chamber sech den 9. Juni mam Sujet befaasst. Si verweist zudeem dorobber, datt den Asyl- a Migratiounspak den 12. Juni a Kraaft triede soll a Lëtzebuerg ee Vide juridique riskéiere géing, wann déi zwee Gesetzer elo net ugeholl ginn. D'Argument, datt Lëtzebuerg och bei aneren EU-Texter hannendran ass, léisst si iwwerdeems net gëllen:
"Hei geet et awer ëm den Accueil vu Leit, déi aus engem Drëttstaat kommen, dat heescht, et ass och eng Fro vun der nationaler Sécherheet, déi hei am Spill ass. A mir wëlle jo awer och gären d'Rechter vun all deene Mënsche waren, déi hei hinner kommen an no Schutz sichen, datt mer deenen och kënnen déi néideg Perspektive bidden."
Datt den Text vun der Justizministesch net dee selwechten Dag gestëmmt gëtt wéi déi aner zwee Texter, wier iwwerdeems vun Ufank u kloer gewiescht an och net néideg.
Et sief dann nach preziséiert, datt d'ADR als eenzeg Oppositiounspartei kee Problem domadder huet, datt en Dënschdeg an der Chamber iwwert déi zwee Texter wäert ofgestëmmt ginn.