
An der Presidentekonferenz vun der Chamber hunn d'Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng, déi Lénk an d'Piraten gefuerdert, datt d'Chamber net schonn nächsten Dënschdeg ofstëmme soll iwwert d'Gesetzestexter, mat deenen den europäesche Migratiounspakt ëmgesat gëtt. Dat schreiwen déi gréng an engem Communiqué.
D'Regierung hätt méintelaang verpasst, d'Ëmsetzen ze preparéieren a wéilt elo vun deem Zäitdrock, dee se selwer ze verschëlden hätt, profitéieren, fir héich problematesch Texter séier duerchzekréien. Besonnesch de Gesetzestext vum Inneminister Léon Gloden wier méi restriktiv wéi néideg an et géingen nach vill Froen opbleiwen.