Iwwert de WeekendAsaz vun Drone wéinst Visitt vu portugiseschem President op enger Rei Plaze verbueden

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg an e Sonndeg ass den Antonio José Seguro op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. D'Police huet dowéinst e Fluchverbuet fir Dronen op enger Rei Plazen ausgeschwat.
© RTL (Archiv)

E Samschdeg an e Sonndeg sinn Dronen op verschidde Plaze verbueden, dat wéinst der offizieller Visite vum portugisesche President Antonio José Seguro. Wéi d'Police matgedeelt huet, gëllt de Fluchverbuet fir Dronen notamment ronderëm de Palais, den Hotel Royal an der Stad, mee awer och dem Centre culturel portugais zu Märel an dem Kuss zu Zolwer.

Detailer fënnt een um Internetsite vun der Direction de l’aviation civile.

Back to Top
CIM LOGO