Punkt fir PunktWéi effikass ass de gesetzleche Mietschutz a wou läit nach Handlungsbedarf?

Tim Morizet
D'Loyerspräisser bleiwen ee vun de gréisste Suergepunkten zu Lëtzebuerg. Tëscht 2010 an 2024 sinn d'Loyerspräisser zu Lëtzebuerg an der Moyenne ëm 145 Prozent geklommen. Dobäi loune ronn een Drëttel vun de Stéit zu Lëtzebuerg.
Locatairë ginn am Duerchschnëtt bal 40 Prozent vun hirem Akommes fir de Logement aus.
© aetb

Den Drock op d’Haushalter klëmmt: Locatairë ginn am Duerchschnëtt bal 40 Prozent vun hirem Akommes fir de Logement aus, bei monoparentalle Famillje sinn et esouguer iwwer 50 Prozent. D’Fro bleift also: Wéi effikass ass de gesetzleche Mietschutz wierklech a wou läit nach Handlungsbedarf?

Punkt fir Punkt iwwert de Mietschutz
Wéi effikass ass de gesetzleche Mietschutz a wou läit nach Handlungsbedarf?

Dat aktuellt Loyersgesetz ass zanter dem 1. August 2024 a Kraaft. Zwou Ännerunge sinn do:

  • Datt Fraise vum Immobilienagent duerch zwee gedeelt ginn
  • Datt de Lokatär just nach muss zwee Méint Loyer als Kautioun virstrecken, amplaz vun dräi

Bei der Kautioun, also dem Remboursement, gëtt et jo dacks e Sträitpunkt tëscht Locataire a Proprietär. Ma och dat ass zanter 2024 méi kloer gereegelt: huet de Locataire keng Scholde méi beim Loyer an de Chargen an et gi keng Schied am Immeuble festgestallt, da muss de Proprietär 50 Prozent vun der Kautioun bannent engem Mount rembourséieren.

Déi aner Hallschent ass fälleg, nodeems d’Ofrechnung vun de Charge vum Syndique gemaach goufen. De Syndique huet dofir theoretesch e Joer Zäit, ma leider klappt dat dacks net. Mee hei kann de Locataire – ausser dem Proprietär Drock ze maachen - net vill maachen, ausser waarden.

A Saache Loyersdeckel mécht de Ministère Analysen

Fir d’Loyersgesetz vun 2024 gouf och iwwert en neie Loyersdeckel diskutéiert. Aus deem gouf jo näischt, ma ass esou een Deckel nach ëmmer en Thema? Eng fréier Versioun vum Text hat e Loyersdeckel vu maximal 3 bis 3,5 Prozent vum investéiert Kapital virgesinn. Hei gouf d’Indexatioun an d’Valeur um Marché mat agerechent. Déi Propos vun der fréierer Regierung ass awer vum Dësch. Déi aktuell Regierung huet sech 2024 awer dozou verflicht, esou eng Reegelung nach emol ze analyséieren, fir eng nei Reform ze proposéieren.

Bis ewell goufen et an deem Dossier awer keng Neiegkeeten, de Logementsministère ass awer amgaangen, Analysen ze maachen. Dat heescht, et bléift bei der aktueller Reegelung, datt de Loyer maximal 5 Prozent par Rapport zum investéierte Kapital an déi véier Wänn däerf kaschten. Dat – an, datt e Loyer maximal ëm 10 Prozent all zwee Joer däerf gehéicht ginn.

Dat mat deene 5 Prozent klappt et generell manner gutt. Ma firwat ass déi 5-Prozent-Reegel esou schwéier an der Praxis ëmzesetzen? Effektiv gëtt et dës Reegelung zanter den 80er Joren. Mä, wéi een et sech ka virstellen, ass se iwwerlieft. Effektiv klappt dat mat der 5-Prozent-Reegel beim Neibau gréisstendeels. Do léichen d’Loyeren - der Chambre Immobilière no - bei 3 bis 5 Prozent vum investéierte Kapital. Mä beim Albau klappt dat guer net. Hei gouf et jo viru puer Joer de Fall, wou e Locataire um Lampertsbierg säi Proprietär viru Gericht gezunn huet.

De Jean-Michel Campanella vum Lëtzebuerger Mietschutz gëtt Detailer: “Do huet een eng Persoun, déi an enger Wunneng ass, déi iwwer 30, 40 Joer al ass. Wann een dat Gesetz géif applizéieren, dann hätt déi Persoun dem Gesetz no e Loyer vun 300 bis 400 Euro ze gutt. Do hunn d’Alarmklacken och bei de Politik geschellt. Wann een dat esou géif applizéieren, géif de ganze Marché zesummefalen.”

Zanterhier goufen et dem Mietschutz an der Chambre Immobilière no och keng esou Fäll méi vu Locatairen, déi par Rapport zu dësem Gesetz streide gaange sinn.

Wéi kann een déi héich Loyeren dann effektiv an de Grëff kréien?

De Lëtzebuerger Mietschutz setzt sech hei fir en neien Deckel an. Ënner spezifesche Krittären natierlech an net, wéi een e vläicht nach aus de Krichszäite kennt. Mee adaptéiert un d’Präisdeierecht. An et soll manner drëm goen, d’Loyeren erofzedrécken, mee d’Erhéijungen ofbremsen. D’Chambre Immobilière geet dogéint éischter an d’Richtung vu steierleche Virdeeler.

De Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière erkläert: “Ech menge mir hu jo haut Steieravantage geschaaft, fir Leit, déi an de Logement abordable investéieren. Dat heescht, déi elo bei Bailleurs Sociaux ginn. Fir Leit, déi elo ënnert dem Marché verlounen, gëtt et keng Steieravantagen. Et kéint ee sech och virstellen, datt ee géif soen ‘Komm, mir maachen eng Incitatioun, fir datt d’Leit sech ënnert dem Marché positionéiere mat hirem Loyer.’ Dat kéint ee jo och un Energieklasse bannen, an esou weider.”

De Mietschutz warnt iwwerdeems viru schlecht iwwerluechten, onkontrolléierten Aidë fir de Locataire. Esou kéint ee riskéieren, d’Loyerspräisser op en Neits liicht ze hiewen.

Back to Top
CIM LOGO