E Samschdeg si WalenDéi nei national Elterevertriedung gëtt gewielt

Roy Grotz
Dee Gremium soll seng 12 Membere bestëmmen, déi zanter 2020 lo fir d'drëtte Kéier vun zegdausenden Elteren nei gewielt ginn.
© MENEJ

Den Alain Massen wäert un der Spëtzt vun der nationaler Eltere-Representatioun ofgeléist ginn. D’Wale lafen op lokalem, sektoriellem a nationalem Niveau. Sou gi fir d’éischt Elteren a Grondschoulen, Kompetenzzentren a Lycéeën bestëmmt, déi dann hirersäits zwee sektoriell Vertrieder wielen. Vun dëse Leit gëtt dann d’Nationalvertriedung fir e Mandat vun dräi Joer bestëmmt.

Am leschte Mandat waren eng 1.000 Eltere lokal engagéiert, iwwerdeems et der 145 regional a sektoriell waren. An Zukunft gëtt och d’Missioun vun der nationaler Elterevertriedung méi breet gefaasst, sou datt et méi Vertrieder fir d’Grondschoul an d’Lycéeë ginn, an d’National Assemblée och fir d’Accueil-Strukture ka schwätzen.

All Informatiounen och iwwert d’Bedeelegung um Walprozess ginn et um Site elteren.lu

Um Donneschdeg den Owend geet et am Kloertext iwwerdeems och ëm de schouleschen Kontext mat fënnef Invitéen aus dësem Secteur.

Back to Top
CIM LOGO