
Wann d’Betriber gehollef kréien, mussen och d’Salariéeë gehollef kréien. Dat seet d’Presidentin vum OGBL d’Nora Back. Wéi d’Betriber gehollef solle kréien, gouf en Dënschdeg tëscht der Regierung, dem Patronat, an de Gewerkschaften diskutéiert. Per Videokonferenz gouf et Explikatioune vum Minister, fir datt alles richteg vum Terrain verstane gëtt, an et gouf Doleancë vu Patronat a Syndikater.