
Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 516 positiv geteste Persounen. Et goufen 8.936 Tester gemaach.
Dat sinn elo am Ganzen 12.851 positiv Fäll.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 983.307 Tester gemaach.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et 3.625 aktiv Infektioune gëtt an 9.085 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell sinn 92 Patienten hospitaliséiert (dorënner 6 Verdachtsfäll, déi op der normaler Statioun behandelt ginn), 10 Patiente vun den 92 sinn op der Intensivstatioun. Bei de Verdachtsfäll handelt et sech ëm Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Corona-Test waarden.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,69. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.