
Nom presuméierten Ausbroch vum Hantavirus op engem Croisièresschëff virum Cap Vert, un deem schonn dräi Persoune solle gestuerwe sinn, ass d'Lëtzebuerger Air Rescue elo zwee Deeg am Asaz, fir zwee Patienten erauszefléien. RTL-Informatiounen no ass virgesinn, en Dënschdeg op d'Plaz ze fléien an e Mëttwoch nees zréck.
U Bord gëlle strikt Hygiènes- a Sécherheetsmesuren. Déi Krank géifen isoléiert a medezinesch betreit ginn, heescht et vun der Plaz.
D'MV Hondius war vun Ushuaia an Argentinien a Richtung vum Cap Vert virun der Côte vu Westafrika ënnerwee. 149 Persoune sollen sech aktuell nach u Bord befannen.
Den Hantavirus kann eng schwéier Erkrankung vun den Otemweeër ausléisen. Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no géif et awer nom Ausbroch vum Hantavirus um Schëff kee Grond ginn, fir sech Suergen ze maachen, d'Gefor fir déi allgemeng Populatioun wier weider geréng.