
Den aktuelle System vun der CO2-Steier zu Lëtzebuerg leeft 2027 aus. Vun 2028 u setzt och Lëtzebuerg den neien europäeschen Emissiounshandelssystem ëm, dat huet den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes e Mëttwoch an der zoustänneger Kommissioun annoncéiert. Eng ganz Rei Memberlänner haten an der Vergaangenheet d’Suerg ausgedréckt, datt et duerch den neie Berechnungssystem an Emissiounshandel zu engem Präisschock bei Diesel, Mazout a Co kéint kommen an duerchgesat, datt de Mechanismus ee Joer méi spéit wéi geplangt a Kraaft trëtt.
Elo géif just nach Irland als eenzegt Land blockéieren, sot de Serge Wilmes. Fir déi national Klimaziler virun allem am Transport z’erreechen, misst Lëtzebuerg awer op dee selwechte Wee wéi seng Nopeschlänner goen. A virun allem och an Zukunft nach Accisen um Bensinn erhiewen. Wann de Präisënnerscheed zu den Nopeschlänner ze grouss géif, géif soss de Phenomeen vum Tanktourismus nees zouhuelen.
Den Ament läit déi national CO2-Steier bei 45 Euro d’Tonn d’CO2. Et géif elo nach mam Statec gekuckt, ob d’Steier 2027 nach emol ëm 5 Cent eropgesat gëtt oder net, änlech wéi et an der Vergaangenheet de Fall war.
An duerno?
Den Ëmweltminister sot, haut kéint kee soen, wéi héich de Präis mam europawäiten Emissiounshandel an zwee Joer wier. Estimatioune vun der EU-Kommissioun géifen awer och ëm déi 45 Euro leien. Bréissel hätt och op Drock vu verschiddene Memberstaaten d’Zouso gemaach, fir Stabiliséierungsmechanismen scho méi fréi en place ze setzen, fir eng Präisexplosioun ze verhënneren.