MeteoluxVill Reen en Dënschdeg Nomëtteg am Zentrum an am Süde vum Land

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Partie Stroossen, Weeër a Géigenden dierft mat Iwwerschwemmungen gerechent ginn.

Aus deem Grond huet Meteolux dann och eng Alerte Jaune erausginn fir en Dënschdeg, dat bis 9 Auer e Mëttwoch de Moien.

Den ACL gëtt dann och eng Warnung wéinst Aquaplaning eraus. Géint 14 Auer gouf et schonn an deem Kader en Accident op der A13.

Op Grond vun de Wiederen ass dann och mat Stau wärend de Stousszäiten ze rechnen.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO