Travelers’ Choice Award vun TripadvisorBock-Kasematte gehéieren zu de populäersten Touristenattraktioune weltwäit

RTL Lëtzebuerg
Déi beléiften Touristenattraktioun an der Stad gouf mam Travelers’ Choice Award 2026 ausgezeechent

D'Bock-Kasematte goufe mat dem "Travelers’ Choice Award 2026" vun Tripadvisor ausgezeechent a gehéieren domat zu den ieweschten 10 Prozent vun de beléiftsten touristesche Sitte weltwäit. Déi renomméiert Auszeechnung baséiert ausschliisslech op onofhängege Bewäertunge vu Visiteuren aus der ganzer Welt a spigelt eng héich Zefriddenheet bei de Visitten erëm.

Fir de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) ass dës Auszeechnung eng wichteg international Unerkennung fir eent vun de bekanntste Monumenter am Land. Als Deel vum UNESCO‑Weltkulturierwen zéien d'Kasematte mat hire monumentale Galerien an hirer räicher Geschicht iwwer 200.000 Visiteuren d'Joer un.

Back to Top
CIM LOGO