K-Pop, wat fir "Korean Popular Music" steet, ass Musek aus Südkorea, déi weltwäit Millioune Fans begeeschtert. Mee hannert de faarwege Videoen an de perfekte Choreographië stécht vill méi.
Gruppe wéi BTS oder BLACKPINK hunn dozou bäigedroen, datt K-Pop weltwäit bekannt gouf. Milliarde Views op YouTube, ausverkaafte Stadien – K-Pop ass haut e richtege globale Phenomen.
K-Pop ass awer mëttlerweil eng ganz Kultur: Musek, Danz, Moud an och Iessen. An déi Kultur huet och hire Wee bis op Lëtzebuerg fonnt.
An engem Jugendhaus zu Lëtzebuerg gëtt séier kloer: K-Pop gëtt hei net nëmme gekuckt, mee och gelieft. Schrëtt fir Schrëtt ginn d'Choreographien no gedanzt... net ëmmer perfekt, mee mat vill Energie a Begeeschterung. Fir vill jonk Leit ass et méi wéi en Hobby, et ass eng Passioun.
Mee K-Pop bleift also net bei der Musek stoen. An engem Shopping Centre zu Lëtzebuerg gouf rezent déi koreanesch Kultur gefeiert, dat mat Produiten, Spezialitéiten an engem Abléck an d'Kichen aus Korea. Kimchi, Ramen an asiatesch Snacks. Wat fréier exotesch war, steet haut ëmmer méi dacks an eise Regaler an d'Nofro klëmmt.
Fir Südkorea ass K-Pop méi wéi Entertainment, et ass eng Méiglechkeet, d'Land a seng Kultur weltwäit ze weisen. Musek, Serien an Traditioune ginn exportéiert a bréngen d'Leit méi no beieneen.
Besonnesch jonk Leit fille sech vun dëser Kultur ugezunn. Si lauschteren net nëmmen d'Musek, si interesséiere sech fir d'Sprooch an entdecken eng nei Kultur.
Vun der Danzschoul bis an de Supermarché: K-Pop huet och hei zu Lëtzebuerg seng Plaz fonnt. Eng Kultur, déi weist, wéi séier Trends haut d'Welt erueweren an dobäi Leit iwwer Grenzen eraus verbannen.