CargoluxNees e Rekordbenefice an trotz Krich ganz optimistesch

Carine Lemmer
Jeannot Ries
D’Cargolux huet d’lescht Joer alt nees e Rekord-Benefice gemaach, wann een d’Covid-Joren ewech léisst.
Nees e Rekordbenefice bei der Cargolux
Trotz dem aktuelle Krich am Iran an de Krisen an der Welt bleiwen déi Zoustänneg vun der Lëtzebuerger Cargoairline optimistesch.

Déi Lëtzebuerger Cargo-Airline huet fir 2025 e Gewënn vu 465 Milliounen Dollar opweises, 18 Millioune méi wéi d'Joer virdrun. Den E-Commerce bréngt nach ëmmer vill Suen eran, wann och manner vun Asien a Richtung Amerika wéinst neien Taxen geet. Mä Richtung Europa, bannent Asien an a Richtung Mëttleren Osten ass déi Demande weider ganz staark.

Bei der Cargolux si se trotz onsécheren Zäiten och ganz optimistesch, wat 2026 ugeet. "Well mer eis op déi turbulent Zäite ganz gutt agestallt hunn", huet de President vum Verwaltungsrot Tom Weisgerber betount.

De Richard Forson, CEO vu Cargolux, den Tom Weisgerber, Member vum Verwaltungsrot vu Cargolux, an de Maxim Strau, CFO vu Cargolux.
De Richard Forson, CEO vu Cargolux, den Tom Weisgerber, Member vum Verwaltungsrot vu Cargolux, an de Maxim Strau, CFO vu Cargolux.
© Jeannot Ries

Natierlech ass d'Blockad vun der Strooss vun Hormus eng Gefor. De Präis vum Kerosin huet sech méi wéi verduebelt. Mä dat proaktiivt Plange wär de Schlëssel, sot de CEO Richard Forson op der Bilanspressekonferenz. Suergen iwwer Sprit-Problemer mécht ee sech aktuell net. Et misst een Alternative fannen, fir bei Tëschestoppen zum Beispill opzetanken. Noutfallpläng goufen ausgeschafft.

D'Cargolux huet zejoert och eng eege Fuel-Gesellschaft gegrënnt. D'Cargolux importéiert elo och Kerosin an ass esou vill méi flexibel, fir op verschiddene Plazen anzekafen. Een Drëttel vum Sprit kritt d'Cargogesellschaft iwwer hir eege Gesellschaft.

D’Cargolux mat Sëtz zu Lëtzebuerg huet zejoert de 55. Gebuertsdag gefeiert. Si huet 30 Maschinnen, 10 nei Boeinge sinn an der Commande, fir eeler Fligeren z'ersetzen. Déi éischt nei Boeing dierft viraussiichtlech 2029 geliwwert ginn. 4.000 Leit schaffe weltwäit beim Cargolux Grupp.

Back to Top
CIM LOGO