
An der Lonkecher Strooss an der Stad huet kuerz no 12 Auer en elektreschen Apparat gebrannt, ronn zwou Stonne méi spéit stoung dann an der Allée Scheffer en Trockner a Flamen. Et blouf, genau wéi zu Esch, wou Rindenmulch gebrannt huet, beim Materialschued. An all de Fäll waren déi lokal Pompjeeën am Asaz.
Iwwerhaapt waren d'Stater Rettungsdéngschter e Mëttwoch am Nomëtteg vill gefuerdert. Well nieft den zwee Bränn ware si och nach bei engem Accident tëscht -Izeg an Hesper, wou se hir lokal Kolleegen ënnerstëtz hunn. Hei krute sech zwee Ween ze paken, blesséiert gouf awer keen. Da ware si och an der Areler Strooss zu Stroossen gefuerdert, wou si vun den Ekippe vu Bartreng a Mamer ënnerstëtzt goufen. Hei waren en Auto an Motorrad net laanschtenee komm. Och hei blouf et beim Materialschued. An der Hollerecher Strooss an der Stad gouf eng Persoun blesséiert, wéi si vun engem Auto ugestouss goufen an an der Diddenuewener Strooss waren zwee Autoen anenee gerannt. Hei mellt de CGDIS awer kee Blesséierten.
Et goufen awer och nach Tëschefäll, wou d'Ekippen aus der Stad net geruff goufen. Esou bei enger Kollisioun tëscht dräi Autoen tëscht dem Éilerenger Tunnel an der Sortie Éilereng op der A13. D'Ekippe vun Esch an dem Sadiff hu sech hei ëm zwee Blesséierter gekëmmert. Ee Motocyclist war dann tëscht Fëschbech a Stuppecht gefall a gouf blesséiert. Hei waren d'Asazzentere vun der Fiels a Fëschbech alarméiert ginn.