
No enger Transformatiounsphas vun engem Joer sinn d'lëtzebuergesch Zaldotinnen a Zaldoten nees a voller Stäerkt a Rumänien stationéiert. Si bedeelege sech un der NATO‑Missioun Forward Land Forces "Battle Group Romania (FLFBG)" a stäerken do d'Reconnaissance‑Fäegkeeten souwéi d'Ofschreckung géint méiglech Menacen op der NATO‑Ostflank.
Op Nofro beim Defense-Ministère si mer gewuer ginn, dass den Detachement aus 2 Offizéier, 6 Ënneroffizéier, 2 Kapereel an 21 Zaldoten besteet. Den Asaz dauert bis Ufank Oktober 2026.
D'Missioun steet ënner franséischem Kommando a geschitt zesumme mat Alliéierten aus der Belsch, Frankräich, Spuenien a Rumänien.
Am Mäerz dëst Joer gouf déi maximal Unzuel u Lëtzebuerger Militär, déi an d’Forward Land Forces a Rumänien deployéiert kënne ginn, per Règlement Grand-Ducal vun 30 op 40 erop eropgesat.