
Zu Lëtzebuerg wunne ronn 690.000 Leit vun deene bal d'Hallschent net d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Virun allem an de leschte puer Joerzéngte si vill Leit aus anere Länner op Lëtzebuerg geplënnert. Wat bedeit dat fir d'Zesummeliewen am Grand-Duché, wéi kënnen d'Auslänner séier an nohalteg integréiert ginn a wat muss gemaach ginn, fir d'Lëtzebuerger Identitéit a Kultur ze erhalen? Doriwwer gouf en Donneschdeg de Moien op Initiativ vun der ADR an der Chamber diskutéiert, an dat nawell e bëssi méi kontrovers.
Integratioun wier näischt Abstraktes, mee eppes ganz Konkretes, et géing ee se zum Beispill am Klassesall oder um Futtballterrain gesinn, esou den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup. Hien huet och op d'Famill vu senger Fra verwisen, där hire Papp a jonke Joren aus Italien op Lëtzebuerg komm wier an deem seng Kanner gutt integréiert wieren. Dat Beispill géing weisen, datt Integratioun dacks een intergenerationelle Prozess wier, deen Zäit an awer och gudde Wëlle bräicht. Zu Lëtzebuerg hätt Integratioun laang op den dräi Piliere Schoul, Veräiner a Sprooch gefousst. Ma grad an der Schoul géing dat awer ëmmer méi schwiereg ginn.
"Mir hu lo ronn 120.000 Schüler an eise Schoulen, dat sinn der bal 20.000 méi wéi viru 7,8 Joer. Parallel dozou schwätzen zwee Drëttel vun der Schoulpopulatioun doheem kee Lëtzebuergesch méi."
Wat déi international Schouloffer ugeet, wier dës zwar engersäits d'Äntwert op ee konkrete Besoin, mee et misst een awer d'Fro stellen, op déi Jonk no hirem Parcours wierklech Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Dobäi wier grad d'Sprooch déi oppenst Aart vun der Integratioun, well jidderee se léiere kéint. Ma fir datt d'Auslänner Lëtzebuergesch léiere kéinten, misst d'Sprooch fir d'éischt mol vun de Lëtzebuerger geschwat ginn a se misst am ëffentleche Raum siichtbar sinn. Et géing net dorëm goen, een auszeschléissen, mee dozou bäizedroen, datt déi verschidden Nationalitéite mateneen an net nieftenee liewen.
De Jean-Paul Schaaf vun der CSV huet dem Fred Keup ënnerstallt, datt d'Interpellatioun deels domadder motivéiert, wier, fir "d'Parteien aus der demokratescher Mëtt" op ee glëtschegen Terrain ze lackelen
"An da kommt Der hei hin an da schwätzt Der ganz léif a ganz fein, sou wéi een an der Mëtt géing schwätzen, wann een do wier. Dir sidd also de Wollef am Schofspelz an ech sinn de Schaaf hei an da fanne mer gutt beieneen."
An indirekt ze ënnerstellen, datt Auslänner per se net integréiert wieren, dat géing awer sou net stëmmen.
"Ech mengen, datt et den Auslänner net gëtt, mir hunn 180 Nationalitéiten am Land, dat ass net ee Block. Déi Leit sinn net alleguer zäitgläich hei, déi Leit sinn net alleguer hiert ganzt Liewen hei. Et si Jonker, et sinn Aler, et si verschidden Natiounen, et gëtt net deen ee Block."
Lëtzebuerg bräicht schonn eleng aus demografesche Grënn Migratioun an déi hätt bis elo nach ni zu kulturelle Problemer gefouert. Hien huet dem Fred Keup awer doranner Recht ginn, datt a verschiddene Beruffer, notamment der Santé, gewësse Lëtzebuergeschkenntnisser néideg sinn. Wou ass de Plan national de vivre ensemble drun?
D'Mandy Minella vun der DP huet ënnerstrach, datt zu Lëtzebuerg an deene leschte Joren esouwuel um nationale wéi um kommunalen Niveau vill gemaach gi wier, fir d'Integratioun ze stäerken.
"Ënnerstëtzt vum Familljeministère setzen ëmmer méi Gemengen am Kader vum Gemengepakt op konkret Initiativen. D'Gemeng Betzder huet sech zum Beispill den 9. Februar zesumme mat 52 anere Gemengen engagéiert, fir den Accès op Informatioun ze vereinfachen, d'Veräinsliewen ze stäerken an d'Leit ze encouragéieren, sech anzebréngen."
Si huet gläichzäiteg betount, datt d'Méisproochegkeet eng Beräicherung fir Lëtzebuerg wier.
D'Liz Braz vun der LSAP huet der ADR reprochéiert, a ville Beräicher keng konkret Mesurë fir eng besser Integratioun presentéiert ze hunn. Dat géing wuel och doru leien, datt si dorunner a Wierklechkeet guer net interesséiert wier.
"Dir wëllt hinne virschreiwen, wéi si ze liewen hunn, awer hinnen nëmmen net d'Rechter ginn, fir sech och politesch mat kënnen anzebannen, fir hir Stëmm am demokratesche Prozess mat anzebréngen. Hei schéngen Iech Är Liblingsstatistiken, vun deem enge vun zwee Residenten, deen Auslänner ass, zimmlech egal."
Integratioun wier wichteg, mee et géing een awer och gesinn, datt d'Erausfuerderungen an deem Beräich ëmmer méi grouss géinge ginn. D'Sprooch wier zwar wichteg, mee laang net deen eenzege Facteur, deen zu enger gelongener Integratioun bäidréit. Eng aner wichteg Viraussetzung wier zum Beispill den Accès zu Wunnraum.
D'Djuna Bernard vun deene Gréngen huet sech iwwerdeems um Begrëff Integratioun gestouss, well dee vermëttele géing, datt et eng Norm gëtt, un där sech Leit, déi nei dobäi kommen, orientéiere mussen. Hirer Meenung no wier et besser, vu Vivre-ensemble ze schwätzen.
De Marc Goergen vun de Piraten huet gefuerdert, datt den Aarbechtsmarché direkt fir jidderee sollt opgemaach ginn, well sech Integratioun do am beschte realiséiere géing an deen Eenzelen esou gläichzäiteg eppes zum Räichtum vum Land bäidroe kéint. Hien huet awer och gemengt, datt Gemenge méi Efforte maache kéinten, fir Lëtzebuergesch méi siichtbar ze maachen, zum Beispill op hiren Internetsitten.