
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf en Abroch an en Haus zu Zéisseng gemellt. Éischten Informatiounen no waren zwee Täter an d'Haus agedrongen, goufen awer vun den Awunner iwwerrascht a sinn doropshi fortgelaf. Eng Patrull konnt déi zwee Verdächteg kuerz drop lokaliséieren a stellen. Déi Gidder, déi si geklaut haten, konnte séchergestallt ginn a koumen zeréck bei hir Besëtzer. De Parquet huet béid Abriecher festhuele gelooss a si hate kuerz drop Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.