
Wéinst engem net preziséierte Virfall um franséische Reseau kënnt et um Donneschdeg op der Zuchstreck Lëtzebuerg - Thionville - Metz, a béid Richtungen, zu Verspéidungen oder Ausfäll.
Déi üblech Bussen (501, 502, 503, 504, 551) fueren awer wéi normal, grad esou wéi den Tram an d'Zich tëscht dem Houwald an der Stater Gare.

UPDATE:
Entretemps ass et d'Nouvelle, dass d'Ursaach vun der Stéierung behuewe wier. Trotzdeem wier et net ausgeschloss, datt et nach zu Verspéidungen oder Ausfäll kéint kommen, sou d'CFL, déi sech fir déi entstanen Ëmstänn entschëllegen.