ZeienopruffWiem gehéieren dës zwee Vëloen?

Andy Brücker
Erkennt Dir se? Da mellt Iech bei der Police zu Ettelbréck.
© Police

Am Kader vun enger Enquête ronderëm saiséiert Géigestänn, gëtt elo no dem oder de Besëtzer vun zwee Vëloe gesicht.

Et handelt sech ëm e groe Vëlo vun der Mark B'Twin an e grénge vun der Mark Rockrider.

Sollt Iech ee vun de Vëloen, oder souguer déi zwee gehéieren, da mellt Iech bei der Police vun Ettelbréck ënnert der Nummer (+352) 244 84 1000 oder via E-Mail op Police.ETTELBRUCK@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO