No Opreegung ëm Propos fir Euro-SchäinerVerdeedegungsministère géing keng "militaristesch Kultur" fërderen

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch hat den Defenseministère mat engem Post an de soziale Medie fir Opreegung gesuergt. D'Ministesch Backes betount nach emol, datt ee Waffen a Militär-Outilen net géing banaliséieren.
© Directorate of Defence

Wann et ëm d'Kommunikatioun iwwer eis Defense-Kapazitéite geet, hätt een als Regierung eng besonnesch Responsabilitéit. Op der enger Säit wier et wichteg ze erklären, firwat d'Investitiounen an d'Verdeedegung eis Fräiheeten a Valeure beschützen. Op der anerer Säit, dierft ee Waffen a Militär-Outilen net banaliséieren. Dat äntwert d'Defenseministesch Yuriko Backes op eng Question parlementaire vun deenen zwee LSAP-Deputéierten Taina Bofferding an Yves Cruchten. D'Yuriko Backes wéilt dowéinst betounen, datt hir Kommunikatioun "am Verdeedegungsberäich op kee Fall eng militaristesch Kultur" fërdere géing.

Hannergrond vun der Fro war ee Post vun der Direction de la Défense op de soziale Medien d'lescht Woch: Am Kader vun engem Social Media Trend iwwer méiglech Motiver vun der nächster Generatioun Euro-Schäiner, hat d'Direktioun eng Propos mat KI-generéierte Biller gemaach, op deene Geldschäiner mat Panzer a Waffen drop ze gesi waren. Dëst hat fir vill Kritik gesuergt, de Post gouf an der Tëschenzäit geläscht an d'Verdeedegungsdirektioun huet sech dofir entschëllegt.

Back to Top
CIM LOGO