
D'Direction de la défense entschëllegt sech an engem Communiqué fir hire Post op de soziale Medien, dee jo en Donneschdeg fir vill Opreegung gesuergt huet.
Als Erënnerung: Den Ament gëtt jo an der EU iwwer méiglech Motiver op der neier Generatioun Euro-Geldschäiner diskutéiert. An engem Post op de soziale Medien huet d'Direktioun vun der Defense eng eege Propos gemaach: Op Biller, déi mat kënschtlecher Intelligenz generéiert goufen, si Geldschäiner ze gesi mat Waffen, Panzeren, a Kampffligeren drop. Et hätt ee sech et net wëllen huele loossen alternativ Proposen ze maachen. "Wéi wier et mat europäescher Sécherheet?", heescht et weider an deem Post.
Wéi et am Schreiwes vun der Direktioun elo heescht, wéilt ee sech wéinst de ville Reaktiounen erklären: D'Direktioun vun der Defense géif d'Suerge vun de Leit verstoen a sech fir d'Illustratiounen entschëllegen. Op de soziale Reseaue wier den Ament een Trend amgaangen, wou vill Institutiounen eege Propose fir d'Geldschäiner maachen, an do hätt ee wollte matmaachen, fir déi eegen operationell Kapazitéiten an d'Vitrinn ze stellen. Am Communiqué gëtt och preziséiert, datt de Post net vun der Defenseministesch Yuriko Backes ofgeseent war.