
De Lëtzebuerger Autoritéiten ass ee gréissere Coup géint Bedruch a Phishing am Internet gelongen: Ee jonke Lëtzebuerger, deen 2004 gebuer ass, ass Enn Februar a Spuenien festgeholl an en Donneschden un déi Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert ginn. Hie soll ee vun den Haapt-Organisateuren vun de Phishing-a Bedruchsattacken sinn, bei deene d’Sitte vu MyGuichet a LuxTrust gefälscht goufen fir un d’Donnéeën vun den Affer ze kommen.
Eleng an de Joren 2024 an 2025 goufen iwwer 700 Plainten gemaach. D’LuxTrust-Bedruchsaffären hunn ee Schued vun iwwer 10 Milliounen Euro verursaacht. De Parquet erënnert an dësem Kontext dann och drun, datt Banken oder och LuxTrust selwer d’Clienten ni no Sécherheetsdonnéeën oder Passwierder froen, an een dës Informatiounen och net iwwer Telefon oder SMS soll viru ginn.
Fir de Beschëllegten gëllt d’Présomption d’innocence.