Wéinst DistributiounsproblemerValorlux-Tute kënne vun elo un online bestallt ginn

RTL Lëtzebuerg
Valorlux deelt mat, datt et den Ament Problemer mat der Distributioun vun de bloen a gréngen Tute gëtt.

Dat, well vill Gemengen hir Guicheten zougemaach hunn. Vun e Méindeg un ass et fir déi concernéiert Bierger méiglech, d'Rouleauen online ze bestellen, op valorlux.lu. D'Tute gi gratis heem geliwwert.

Wéi d'Valorlux am Schreiwes preziséiert, si just 43 Gemengen dovu betraff:

Beckerich, Berdorf, Bissen, Bourscheid, Clervaux, Contern, Dalheim, Diekirch, Differdange, Dudelange, Ell, Esch-sur-Sure, Ettelbruck, Feulen, Flaxweiler, Frisange, Goesdorf, Hesperange, Hobscheid, Kayl, Koerich, Larochette, Lenningen, Lintgen, Lorentzweiler, Luxembourg, Manternach, Mertzig, Mondorf-les-Bains, Niederanven, Nommern, Parc Hosingen, Pétange, Preizerdaul, Putscheid, Redange, Sandweiler, Stadtbredimus, Steinsel, Vallee de l'Ernz, Vichten, Wahl, Waldbillig.

PDF: Valorlux (30.3.2020)

Back to Top
CIM LOGO