D'Luuchte sinn aus. D'Motoren agepaakt. Bis ewell, eemoleg Biller. Déi 8 Boeing 737 an 11 Bombardier Q400 vun der Nationaler Fluggesellschaft, all zesummen um Buedem. D'Waarden op en Enn vun der Kris. An d'Zäit kéint net just hinne laang ginn.
"Mat all deem, wat een héiert a gesäit, gi mer dovun aus, datt am Abrëll keen oder kaum Passagéierflich vum Lëtzebuerger Flughafen aus starte wäerten. Dat ass historesch. Dat gouf et nach net. Mir liewen aussergewéinlech Amenter", sou de Jean-Paul Gigleux vun der Luxair, Responsabel fir d'Servicer um Buedem.
Aarbecht ass der kaum nach do. Fir déi ronn 180 Piloten, 250 Member vun den Equipagen, fir d'Majoritéit vun den 160 Mataarbechter aus dem Catering a sou weider. D'Lëscht ass laang. Déi Meescht vun hinne sinn am Chômage partiel oder am Congé pour raisons familiales.
An der Aerogare schaffen op enger normaler Schicht 50 Leit.
"D'Aerogare bleift op. Fir de Fall, wou e Vol hei lande misst, fir Rapatriementer, fir Flich vun der Regierung. Pro Schicht sinn dofir 3 Mataarbechter do. Wat d'Ekippen ubelaangt, déi an normalen Zäite bei de Fliger schaffen, déi Mataarbechter sinn eriwwer an de Cargozenter gewiesselt. Fir do Hand unzepaken."
Eng Verstäerkung, déi am Cargozenter, mat oppenen Äerm empfaange gëtt. Hei ass d'Bild e ganz anert. Souvill Wuere sinn den Amen ënnerwee, dat d'Ekippen net méi nokommen, Fligerpaletten op- respektiv ofzebauen. Ee Véierel vun den 1.300 festagestallte Mataarbechter fält den Ament aus, dann huet een Interim-Aarbechter, déi net kommen. Ganz Cargofliger musse souguer refuséiert ginn.
"Et ass net einfach. Mir hunn de Fluchplang vun de Cargofliger no ënnen ugepasst. Fir ons op déi Missiounen ze konzentréieren, déi fir d'Land an d'Groussregioun Prioritéit hunn. Iwwer d'Verstäerkung, déi mer aus dem Passagéierberäich kruten, gi mer och vun anere Gesellschaften ënnerstëtzt: CFL, den Hafe vu Mäertert, Wallenborn, WSA. Ech wollt vun der Geleeënheet hei profitéieren, fir hinnen all Merci ze soen. All deene Leit, déi et ons erméiglechen, de Cargozenter um Lafen ze halen. Et ass ons Missioun." sou de Jean-Paul Gigleux, deen och fir de Cargo Handling verantwortlech ass.
Fliger, déi medezinescht Material transportéieren, gi prioritär behandelt. Och den Ament gëtt am Kader vun #lëtzhelp um Internet Site "GovJobs" weider no Fräiwëllege gesicht, déi virun allem Nuets bereet sinn, am Cargozenter eng Hand mat unzepaken.
Serie "Lëtzebuerger Betriber a Corona-Zäiten" (1): Bei der Luxlait leeft d'Produktioun op Volltouren Serie "Lëtzebuerger Betriber a Corona-Zäiten" (2): Landwirtschaft: De Betrib muss lafen