Wéinst VandalismusToiletten am Lënster Lycée nëmmen nach zu bestëmmten Zäiten op
Am Lënster Lycée soll et aktuell Probleemer mat Vandalismus op den Toilette ginn.
Aus dësem Grond wieren d'Toilette vum Gebai den Ament nëmmen nach zu bestëmmten Auerzäiten accessibel. Den Zougang ass mat elektronesche Schlässer gereegelt. Wéi eng Toiletten zougänglech sinn, hänkt vun der Auerzäit of, wéi op dësem Plang ze gesinn ass:
Am Dezember zejoert gouf et jo schonn am Lallenger Lycée Problemer mat Vandalismus op den Toiletten. Hei war zäitweis nëmmen nach een Toilettëraum accessibel.