No der Generalversammlung vun der Horesca zu Munneref ass séier kloer ginn: D’Situatioun am Secteur ass aktuell ganz ënnerschiddlech. Wärend d’Hotellerie op e gutt Joer zeréckkucke kann, bleift et méi schwéier an der Restauratioun a virun allem bei de Caféen. De fréiere Generalsekretär an neien Direkter Steve Martellini huet et esou resuméiert: “D’Hotellerie ass am grousse Ganze ganz positiv“, mee d’Restauratioun wier “e bësse méi schwiereg” an d’Caféë wiere weiderhin “eist Suergekand”.
Ee vun de gréisste Problemer bleift fir d’Branche de Personalmanktem. Dobäi kënnt och den Absenteismus, deen, Aussoe vun der Horesca no, net just den eegene Secteur betrëfft, mee vill Betriber am Alldag belaaschte géif. An enger Aarbechtsgrupp mam Numm “Let’s Act” huet d’Federatioun dofir iwwer Méint mat Leit vum Terrain u Propositioune geschafft an déi och un d’Politik weiderginn. Der Horesca no bräicht et hei eng Äntwert, déi iwwer reng Kontroll erausgeet.
Gläichzäiteg wëll d’Federatioun hir Memberen och selwer méi enk begleeden. Ënner anerem mat engem neie Conseiller. Mee och méi Formatiounen a Partnerschafte fir konkret Virdeeler sollen de Kontakt zum Terrain stäerken. De Steve Martellini seet, et géif ee “wierklech op den Terrain goen, mat de Leit schwätzen an zesumme Problemer léisen”. Och un neie Formatiounsweeër fir Personal ouni formell Qualifikatioun gëtt geschafft.
Den nees confirméierten Horesca-President Alain Rix huet virun allem op déi wirtschaftlech Realitéit higewisen. D’Clientë géifen zwar nach kommen, mee “de Client huet e bësse manner an der Täsch”. Gläichzäiteg géifen d’Käschten an d’Luucht goen, wat virun allem kleng Betriber ënner Drock setzt. Besonnesch Suerge mécht der Horesca dobäi d’Entwécklung bei de Caféen, well klassesch Bistroen ëmmer méi verschwannen.
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet ënnerstrach, datt een d’Situatioun ronderëm d’Energiepräisser ganz genee am A géing behalen. Den Horesca-President Alain Rix hat virdru betount, datt ee bei neie Präisspréng direkt nees “Rendez-vous mam Gouvernement” géif huelen, fir ze kucken, wéi een d’Entreprisë kéint entlaaschten. De Lex Delles huet dorop higewisen, datt et schonn eng éischt konkret Ënnerstëtzung fir Hotellerie a Restauratioun gëtt, ënner anerem iwwert d’Investissementer an d’Netzkäschten. Gläichzäiteg huet hien op eng positiv Entwécklung am Secteur verwisen. Nämlech méi Etablissementer am Horeca-Beräich, méi Beschäftegung an e staarkt touristescht Joer 2025 fir d’Hotellerie.
Nieft de Käschte bleift och d’Fro vun den Investissementer e Chantier. Den Alain Rix huet kritiséiert, datt vill Betriber et bei de Banke schwéier hätten, Sue geléint ze kréien. De Lex Delles huet op en SNCI-Prêt zum Nullzëns vu bis zu 200.000 Euro verwisen, mat engem Remboursement eréischt no véier Joer. Och bei de Konzessioune mat de Brauereie gesäit d’Horesca Reformbedarf. Hei fuerdert de Secteur méi fräi a méi einfach Reegelen.
Trotz alle Schwieregkeete wollt d’Horesca um Enn awer net nëmmen iwwer Problemer schwätzen. Mat Evenementer wéi der Expogast, mat Formatiounen an och mat Initiativen ewéi der Campagne “Bewosst” fir méi Inclusioun wëll de Secteur weisen, datt en och Zukunft huet. Den Alain Rix huet dofir um Schluss e positive Message gesat. D’Leit sollten net ëmmer nëmme wäit fort reesen, mee sech och zu Lëtzebuerg ëmkucken. D’Land hätt vill ze bidden.
Mat dem Lex Delles, dem Aarbechtsminister Marc Spautz am dem Inneminister Léon Gloden waren dann direkt dräi Ministeren op Munneref komm. Dat gouf vun der Horesca-Federatioun esou opgeholl, dass d’Theme vun der Branche géingen eescht geholl ginn.