ZeienopruffTäter rappt Affer Auer vum Handgelenk

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dëse Virfall en Dënschdeg géint 14.50 Auer am Parkhaus Royal Hamilius.

Den Täter war dem Affer bis bei säin Auto nogaangen an ass dunn hei un e gaangen. De gesichte Mann huet dem Affer d'Auer vum Handgelenk gerappt an ass dono aus dem Parking fortgelaf.

An deem Kader sicht d'Police dann och elo nom Mann, deen op de Fotoen ze gesinn ass. Méiglech Informatiounen si fir d'Police um 113 oder direkt bei der Police aus der Stad um (+352) 244 40 1000, respektiv iwwer Email op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO