Covid-Gesetzer net präzis genuchStaatsrot stéiert Reegelung a Grande-surfacen, CCDH kritiséiert Ausgangsspär

Pit Everling
Et ass eng Vitess, wéi ee se am legislative Prozess net gewinnt ass. D'Covid-Texter goufe bannent kierzter Zäit geschriwwen an och aviséiert.

Well alles sou séier huet misse goen, feelt et awer u Prezisioun. Zu där Konklusioun kënnt de Staatsrot a sengem Avis.

Covid-Gesetzer: Kritik vum Staatsrot an CCDH / Pit Everling

Déi héich Kierperschaft huet besonnesch op engem Punkt e Problem gesinn, an zwar bei der limitéierter Clientszuel a grousse Geschäfter. Hei evoquéiert de Staatsrot eng formell Oppositioun, well et a sengen Ae juristesch Onsécherheete gëtt.
D'Fro gëtt gestallt, wéi dës Dispositioun a Grande-surfacë mat méi Geschäfter ze applizéiere wier.

Dem Rapporter vun de Covid-Gesetzer Mars di Bartolomeo war d'Referenz fir d'Maximalzuel vu Clienten a Grande-surfacen net adaptéiert genuch, do huet en eng aner Propositioun sous peine d'opposition formelle gemaach. Da sollt ee vun "Espaces extérieurs" zeréck bei "Terrassen" kommen.

Do geet et also ëm eng Prezisioun an der Formuléierung, Terrass wier méi präzis wéi „extérieur“, wat d'Responsabilitéit vum Restaurateur oder Wiert viru senger Dir ugeet. Och hei hat de Conseil d'Etat mat enger formeller Oppositioun gedreet.

En anere Problem hat déi héich Kierperschaft e Mëttwoch de Moie nach beim Datum vun der Mise en viguer gesinn. D'Gesetz sollt eréischt en Donneschdeg a Kraaft trieden, fënnt de Conseil d'Etat. Et misst een de Concernéierten Zäit loossen, fir vun den Ännerunge Kenntnis ze huelen.

Generell gesinn hätt och dem Staatsrot seng Analys wéinst der Urgence net ganz déifgrënneg kënne sinn, heescht et weider am Avis.

"Ech hunn nach ni an engem Avis vum Staatsrot d'Auerzäiten an d'Minutte bei den Amendemente gelies, fir ze weisen, wéi extrem den Zäitdrock war".

Et gouf versicht, d'Propositioune vum Staatsrot an den Text anzebauen, sou nach de Mars di Bartolomeo.

Och d'Mënscherechtskommissioun seet, si hätt aus zäitleche Grënn keng detailléiert Lecture an Analys kënne maachen. D'CCDH kritiséiert besonnesch eng Dispositioun an zwar d'Ausgangsspär.

D'Anamarija Tunjic, Juristin bei der Mënschrechtskommmissioun:

"Déi eng grave Restriktioun vun der Beweegungsfräiheet bedeit, déi e fundamentaalt Grondrecht ass. Hei ass et wichteg drop hinzeweisen, datt keng Donnéeën disponibel sinn, déi weisen, datt dës Mesure unabdingbar ass fir d'Verbreedung vum Virus anzedämmen.
Sou dass et fir eis net méiglech ass, fir d'Verhältnisméissegkeet an d'Néidegkeet vun dëser Mesure ze evaluéieren. Et ass positiv, datt eng Rei Exceptioune virgesi sinn, mä déi sinn net kloer a präzis genuch formuléiert".

Extrait Anamarija Tunjic

Allgemeng stellt och d'Mënscherechtskommissioun e Manktem u Prezisioun am Covid-Gesetz fest. Bei der Interpretatioun wäerte rechtlech Onsécherheeten entsoen an e géing e Risk fir potentiell Diskriminatioune ginn.
 
D'CCDH hofft, datt hir Recommandatiounen trotz dem Zäitdrock an den neien Text mat afléissen, deen en Donneschdeg de Mëtteg wäert gestëmmt ginn.

Suivéiert d'Sëtzung an der Chamber live vu 14 Auer un op RTL.lu.

Neit Covid-Gesetz: D'Elementer aus dem Gesetzprojet 7683 kuerz erkläert
Chamber: Vott vum neie Covid-Gesetzprojet gouf op en Donneschdeg verréckelt
Rapport vum Covid-Gesetzprojet ugeholl: Déi nei Reegele gëlle vun Hallefnuecht un, CSV enthält sech beim Vott

Back to Top
CIM LOGO