10 vu 40 Plaze betraffSozialplang annoncéiert bei Reesagence BCD Travel

RTL Lëtzebuerg
D'Reesagence BCD Travel, déi op Geschäftsreese spezialiséiert ass, gouf haart vun der sanitärer Kris getraff.

D'Gewerkschaft OGBL huet e Freideg de Moie matgedeelt, dass sech bei BCD Travel e Sozialplang annoncéiert. D'Direktioun huet matgedeelt, 10 vun de 40 Plaze wëllen ofzebauen. D'Negociatiounen hunn elo an der Woch ugefaangen.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond verweist drop, datt de ganze Secteur den Ament staark betraff ass. De Syndikat verlaangt e sektorielle Plan de maintien dans l'emploi.

PDF: Communiqué OGBL

Back to Top
CIM LOGO