
Fir d'Schouljoer 2024/2025 hu 7,4% vun de Schülerinnen a Schüler zu Lëtzebuerg d'Schoul ofgebrach, dat maachen am Ganzen 1.714 Etudianten aus. Fir d'Period virdru louch dës Zuel nach bei 8,2%, wat ganzer 170 Schüler méi waren. Hei den Iwwerbléck vun den Decrochagen zënter dem Joer 2020 bis haut:
Zitt een déi Schüler of, déi sech kuerz drop nees fir eng schoulesch Formatioun ugemellt hunn, kritt een den effektive Montant u Schoulofbriecher, dee fir d'Period 2024/2025 bei 5,7% läit. 2023/2024 louch een hei nach bei 6,3%. Der Etüd vum Educatiounsministère no sinn et ëmmer nach d'Jongen, déi majoritär d'Schoul méi dacks ofbriechen. Am dackste gëtt iwwregens op 5ième an op 4ième ofgebrach, also Schlësselmomenter am schoulesche Parcours vu Schülerinnen a Schüler.