
"Een Auto ass duerch den Zentrum [vu Leipzig] gefuer", esou eng Policespriecherin der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. Eng konkret Zuel vu Blesséierte konnt an engem éischten Ament net genannt ginn, ma de Parquet schwätzt vu "ville" Blesséierten an zwee Doudegen.
Wéi spéider um Owend annoncéiert gouf, handelt et sech bei den zwee Doudesaffer ëm eng 63 Joer al Fra an e 77 Joer ale Mann.
D'Beamten hunn de presuméierten Täter, een 33 Joer ale gebiertegen Däitschen, dee selwer zu Leipzig liewe soll, nach beim Auto festgeholl. Hien huet kee Widderstand geleescht.
De Parquet ermëttelt elo wéinst Mord an zwee Fäll an op d'mannst zwee Fäll vu versichtem Mord.
"Mir gi vun enger Amokfaart aus", esou d'Procureure Claudia Laube op enger Pressekonferenz um Méindeg den Owend. Et géif keng Hiweiser dorop ginn, datt nach eng Persoun un der Dot bedeelegt gewiescht wier.
Offiziellen Informatiounen no ass de presuméierten Täter aus der Richtung vum Augustusplatz iwwer d'Grimmaische Straße, eng beléiften Akafsstrooss, gefuer an du weider iwwert de Maart bis op déi aner Säit vum Zentrum. Dem Leipziger Policepresident René Demmler no wier et dobäi zu "zwou schwéiere Kollisiounen" mat Passante komm, déi gestuerwe wieren.
An de Spideeler géife weider Affer "ëm hiert Liewe kämpfen", esou nach d'Procureure Laube. Police a Pompjeeë schwätze vun zwee schwéier Blesséierten an op d'mannst 20 Betraffenen, déi betreit misse ginn.
De Leipziger Oberbürgermeister Burkhard Jung (SPD) sot sech "fassungslos, iwwer dat, wat geschitt as" a sot, hie wier a Gedanke bei den Affer an hire Familljen. De sächsesche Ministerpresident Michael Kretschmer (CDU) huet sech änlech betraff gewisen a sot, fir esou eng Dot géifen d'Wieder feelen. Et géif een elo alles drusetzen, d'Dot séier a komplett opzeklären.