
Amplaz vu kommunalen a kantonale Loyerskommissioune soll et an Zukunft eng national Loyers- oder Conciliatiounskommissioun ginn. Am Summer soll de Gesetzprojet deposéiert ginn. De Logementsminister a seng Beamten hunn en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun Detailer dozou ginn.
Déi national Loyerskommissioun géing net méi just de Loyer ënnert d'Lupp geholl, mee och Avancen an Decomptë vu Chargen oder och nach d'Garantie locative. Eng national Instanz géing manner Ënnerscheeder an der Interpretatioun tëscht de Gemenge bedeiten, esou en Argument fir d'Reform. Wann eng Conciliatioun net klappt, da bleift et esou, datt de Locataire oder de Besëtzer, deen net zefridden ass, um Verwaltungsgeriicht ka kloen. D'Zil ass et awer, Recourse viru Geriicht ze vermeiden.
Wat nach net kloer ass, ass, ob déi zwou gréisst Gemengen - d’Stad an Esch - hir Loyerskommissioune géinge behalen. De Claude Meisch sot, hie wéilt schonn, datt et just nach eng national gëtt.
D'CSV- an LSAP-Membere vun der Chamberkommissioun hunn de Projet begréisst. Och de gréngen Deputéierte Meris Sehovic, deen awer bäigefüügt huet, eng Loyerskommissioun misst eng "Geschierkëscht" hunn. Dorënner Kloerheet, wat de Capital investi ugeet, dee fir d'Berechnung vun engem Loyer geholl gëtt. Dofir missten d'Loyersgesetz an de Loyersdeckel fir d'éischt reforméiert ginn. De Claude Meisch huet him deels Recht ginn, mee sot, ëmgedréint bräicht een och d'Reform vun de Loyerskommissiounen.
Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner huet sengersäits ze bedenke ginn, datt e Locataire, deen e Loyer a Fro stellt, ëmmer géing riskéieren, datt de Besëtzer dann net méi frou mat deem ass. Hien huet sech fir eng Kontroll vu Loyerskontrakter, iert se a Kraaft trieden, ausgeschwat. Och wann hien zouginn huet, datt dat vill Aarbecht géing duerstellen. De Claude Meisch a säi Parteikolleeg, den DP-Deputéierten a fréiere Logementsminister Marc Hansen, hu sech géint esou eng Approche ausgeschwat.