
Privatschoulen, genee wéi ëffentlech international Schoulen hei am Land misste méi op d‘Fanger gekuckt kréien, wéi si d‘Schüler aussichen, déi bei hinnen an d‘Schoul ginn. Dat schreift den nationalen Observatoire fir Kanner, Jugend a schoulesch Qualitéit. Dës Schoule géifen nämlech dacks sozioekonomesch privilegiéiert Schüler unzéien. Fir eng sozial Segmentéierung an de Lëtzebuerger Schoulen ze verhënneren, bräicht et dowéinst transparent Prozeduren a gerecht Krittären, wéi Schüler ausgesicht ginn.
Donieft misste staatlech Subventioune fir dës Schoulen u kloer definéiert Qualitéitsstandarden mat transparenten an equilibréierte Krittären iwwer d'Opnam geknäppt ginn.
Eng weider Recommandatioun vum Observatoire ass, d‘Donnéeën aus de Privatschoulen beim Plange vun der Bildung mat ze berécksiichtegen. Dat notamment fir d‘Roll vun de Privatschoulen richteg aschätzen ze kënnen.