Giischtercher schloen AlarmPersonalmanktem hätt Auswierkungen op d'Sécherheet am Prisong

RTL Lëtzebuerg
Et missten dréngend massiv Leit rekrutéiert ginn, esou d'Fuerderung vun de Giischtercher.
D'Entrée vum Prisong Ueschterhaff zu Suessem.
© Domingos Oliveira

D‘Giischtercher schloen op en Neits Alarm. De Personalmanktem wier antëscht esou akut, datt si hir Aarbecht net méi anstänneg kéinte maachen. An dat géif dozou féieren, datt d‘Sécherheet vun de Giischtercher, den Detenuen an den Infrastrukturen net méi garantéiert wier. Si fuerderen deemno, datt dréngend massiv Leit rekrutéiert ginn, an datt eng realistesch Evaluatioun gemaach gëtt, wéi vill Leit effektiv an de Prisonge gebraucht ginn. Donieft misste Mindeststandarde festgeluecht ginn, well just mat engem adequate Personalschlëssel kéint d‘Sécherheet assuréiert ginn. Iwwerdeems missten och d‘Aarbechtskonditioune vun de Giischtercher verbessert ginn.

D'Schreiwes vun der Gewerkschaft vun de Giischtercher.

Back to Top
CIM LOGO