
Fir den Expert war d'Fra de Moment vun der Dot an engem „Etat dépressif majeur, mat engem psychoteschen Element“. Hiert Urteelsverméige wär deemno entfall a si an enger Welt fir sech gewiescht.
An den Ae vum Neuropsychiater wär de Pronostic net terribel, och wann dat psychotescht Element wuel net méi present wär; d'Fra wär awer sécher nach an enger schwéierer Depressioun, bei déi den Doud vum Kand dobäi kéim. 10 Deeg no der Gebuert vum Jong hat si en Hiereschlag gemaach. Wéi d'Fra no engem Spidolsopenthalt heemkoum, hätt si d'Gefill gehat, dass de klenge Béifchen hir friem war; dee Moment wären déi éischt Gedanke komm, dass d'Kand fir dee Schlag responsabel wär. Si hätt d'Gefill gehat, mam Kand net alles ze packen, an de Bëbee mat aneren Ae gekuckt. No 3 Wochen an der Psychiatrie hätt si sech ëmmer méi virgestallt, wéi et wär, wann d'Kand net méi do wär; no an no koum hir d'Iddi, hie misst verschwannen. Um Dag virun der Dot, bei engem presuméierte Versuch an Däitschland, wär d'Iddi nach net ganz konkret gewiescht; den Dag drop, wéi de Jong moies gekrasch huet a si d'Gefill hat, hien net berouegt ze kréien, wär den Declic komm, fir en ëmzebréngen. No engem Erstéckungsversuch mat engem Këssen hätt si de Jong erwiergt a wär mat him fortgefuer, ier hir d'Iddi vun enger Entféierung koum. Aus dem Gedanken, d'Gebuert wär Schold un hirem Zoustand, wär et no an no zu den „Décalagen zur Realitéit“ komm, dass de Bëbee Schold wär a säi Verschwannen d'Léisung, fir dass alles nees an der Rei wär; du wär et gelaf gewiescht! Déi schwéier Depressioun, an där si war, wär eng psychotesch ginn, d'Krankheet hätt sech weider entwéckelt, d'Iddi, fir d'Kand dout ze maachen, hätt ëmmer méi Plaz geholl an aner Saachen zréckgedrängt, bis et zur Dot koum. Den Neuropsychiater sot nach, seng Konklusioun géif sech mat där vun engem Expert vun der Defense decken, an och en Neurolog, deen haut gehéiert gouf, goung an d'Richtung vun „Troubles mentaux“; et wär warscheinlech, dass den Hiereschlag der Fra hir Emotioune verännert hätt.
Dëse Prozess geet en Donneschde virun.
