Et misst antëscht jiddereen et matkritt hunn. Ecrane kënnen d’Entwécklung vun de Kanner a Jonken negativ beaflossen. Nawell di mer eis nach schwéier, fir de Gebrauch vun Handy, Internet a co. adequat ze kadréieren an d’Familljen effikass virun de méigleche Geforen ze schützen. Wéi eng Roll kënnen d’Kannerdokteren hei iwwerhuelen? Wéi grouss ass de Wëssensstand bei den Elteren a firwat ass den Ecran esou schiedlech?
Dat wëlle mer e Freideg de Moie mam President vun de Lëtzebuerger Kannerdoktere beschwätzen. Den Dokter Serge Allard ass um 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun. Donieft geet et ënnert anerem och am Virfeld vum Dag vun de rare Krankheeten ëm den erweiderten Depistage bei Neigebuerenen zu Lëtzebuerg.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.