Invité vun der Redaktioun (1. Abrëll) - Sebastian ReddekerLëtzebuerger Tourismus kéint vu verännertem Reesverhalen a Krisenzäite profitéieren

Carine Lemmer
Um Mëttwoch de Moie war d'Kris vum internationalen Tourismus Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Sebastian Reddeker, CEO vu "Luxembourg for Tourism"
Um Mëttwoch de Moie war d’Kris vum internationalen Tourismus Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Hei zu Lëtzebuerg spiere mer den Ament duerch den Iran-Krich keen negativen Impakt. D’Majoritéit vun den Touriste kënnt aus dem noen Ausland a mir ginn dervun aus, datt de Rekord un Arrivéeë vun zejoert dëst Joer wäert gebrach ginn, sot de Sebastian Reddeker, de CEO vu “Luxembourg for Tourism”, e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

90% vun de Lëtzebuerger Touriste sinn aus Europa. De gréissten Deel kënnt mam Auto oder mam Zuch a muss also net an de Fliger klammen. Am Verglach koumen 2024 300.000 Hollänner op Lëtzebuerg a kaum Touristen aus den arabesche Länner.

3,6 Milliounen Iwwernuechtungen

Zejoert gouf et 3,6 Milliounen Iwwernuechtungen an 1,6 Milliounen Arrivéeën. Dat war en neie Rekord. Fir dëst Joer rechent ee mat engem Plus vu bis zu 2%. D’Buchungszuele fir Abrëll a Juni léichen elo schonn iwwert deene fir béid Méint vun 2025.

Eent vun den Argumenter, fir d’Leit op Lëtzebuerg ze kommen, wär “no bäi a sécher”. Dat géif zwar net grouss an enger Reesbrochure stoen, mä trotzdeem spillt d’Sécherheet eng ganz wichteg Roll, wa Leit eng Rees oder e City-Trip buchen.

An der Moyenne bleift den Tourist 2,4 Nuechten am Land. Déi meeschte Leit kommen aus eisen Nopeschlänner, plus Holland. D’Campingen hätten déi lescht Jore vill investéiert an dat géif sech och rentéieren.

Wat sichen d’Leit zu Lëtzebuerg?

D’Natur ass en Haaptmagnéit fir d’Touristen op Lëtzebuerg ze zéien an den urbanen Tourismus. Sightseeing, virop an der Stad Lëtzebuerg, ass ganz beléift. Nieft dem Wanderen.

Kultur- a Gastronomie-Touriste kommen och gären op Lëtzebuerg. Si ginn an der Moyenne och méi Suen aus, seet de Sebastian Reddeker. Besonnesch de Kulturtourismus kéint een nach méi entwéckelen.

Wann d’Präisser net ze héich klammen, kéint de Grand-Duché mat senger Tourismusstruktur vun der aktueller geopolitescher Lag profitéieren, sou de CEO vu “Luxembourg for Tourism”. Reese wär de Leit ganz wichteg a géif an der “Bedürfnishierarchie” vir bäi leien. Wann et finanziell machbar ass an d’Destinatioun sécher ass.

Um Mëttwoch de Moie war d’Kris vum internationalen Tourismus Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO