Et war an engem Haus an der Rue du Cimetière zu Bouneweg, wou d’Fra, déi am fënnefte Mount mat Drillinge schwanger ass, e Méindeg de Moien aus dem Schlof gerappt gouf vun arméierte Polizisten.
“Si hu Waffen op mech geriicht, wéi wa se wéilte schéissen. Ech hu richteg, richteg Angscht kritt. Ech hu geziddert an ech hu wierklech gefaart, ech misst stierwen.” Nodeem d’Fra e puer Mol gesot huet, dass se schwanger wier, hunn Polizisten d’Waffen erofgeholl an d’Fra erausbruecht. Si gouf mat Krämp am Bauch an d’Klinik bruecht, wou se Medikamenter krut. Elo geet et hir an den Ongebuerene kierperlech gutt, mee de Schock bleift :
“Si hu mech un ee Psycholog verwisen, fir mäi mentalen Zoustand z’iwwerwaachen no deem Trauma, deen ech vun der Police krut. Ech froe mech, an ech mengen, dat do ass net dee richtege Wee fir Krimineller ze fannen.”
Bei engem Noper ass d’Dier vun der Wunneng opgebrach ginn, och hie gouf am Schlof iwwerrascht:
“Si hu gesot, ech misst mech op de Buedem sëtzen, meng Hänn op de Buedem a kee Gest maachen, soss kéint et mer schlecht ergoen. Ech hu geschlof , ech wousst net wat lass wier. Et ware vill Leit am Zëmmer mat Waffen. Duerno hu se mech direkt festgeholl an hu mer eng Mask iwwert de Kapp gezunn, ech hat Problemer Loft ze kréien.”
Polizisten hunn d’ganz Wunneng duerchsicht, bis se sécher waren, dass et net de Mann war, no deem se sichen. No enger Stonn mam Mask iwwert dem Kapp, seet de Mann, hätte si hie fräi gelooss.
Am Pressebulletin vun der Police heescht et, si hätten an der Nuecht gemellt kritt, dass ee Mann reegelméisseg a sengem Auto virun enger Flüchtlingsstruktur um Kierchbierg géif stoen, dee wéi et schéngt eng Waff bei sech hätt . De Parquet huet dorops hin een Duerchsiche vum Auto an eng Perquisitioun doheem beim Verdächtegen ordonéiert. Saiséiert goufen an deem senger Wunneng am Haus zu Bouneweg eng Waff, déi net ugemellt war, onerlaabt Cannabis-Uplanzungen , Material fir ze dealen a falsch Geldschäiner. RTL-Informatiounen no ass de Mann, no deem gesicht gouf, net festgeholl ginn.