USP bei Asaz bedeelegtPolice saiséiert Schosswaff, Cannabis-Plantage a Falschgeld bei Perquisitioun zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg krut d'Police e verdächtege Mann gemellt, dee sech reegelméisseg bei sengem Gefier an der Géigend vun enger Accueilsstruktur um Kierchbierg ophale géif a méiglecherweis och mat enger Schosswaff arméiert wier.
© Laurent Weber

Op Uerder vum Parquet goufe säin Auto wéi och seng Wunneng zu Bouneweg duerchsicht, woubäi d’Beamten eng net registréiert Schosswaff, eng illegal Cannabis-Plantage, Dealer-Utensilien a Falschgeld fonnt haten. D’Géigestänn goufe saiséiert, eng Unitéit vun der USP hat d’Perquisitioun ënnerstëtzt.

RTL-Informatiounen no war wärend dem Asaz och eng Strooss zu Bouneweg gespaart. D’Perquisitioun wier an enger Wunneng duerchgeféiert ginn an där méi Familljen dra gewunnt hunn. Eng schwanger Fra hätt dobäi e Schock erlidden a misst kuerzzäiteg an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO