Direkt nieft dem éischte Gebai vun der Sécurité Sociale an der Rue Mercier, dat 2023 opgaangen ass, entsteet elo deen zweeten Deel.
Den neie Komplex huet um Enn méi wéi 35.000 Quadratmeter. Dat zweet Gebai gëtt laanscht d’Rue du Commerce gebaut a soll e Spigelbild vum éischte Gebai sinn – awer ouni Tuerm. Tëscht béide Gebaier ass e groussen Haff geplangt. Am Ganze kënnt de Projet op iwwer 87.000 Quadratmeter a gëtt dofir an zwou Phasen ëmgesat. Fäerdeg soll alles 2029 sinn.

Ënnert dem Chantier leien d’Iwwerreschter vun der Schampesfabrick Caves Mercier. Et ass e grousst Netzwierk u Kelleren aus där Zäit, wéi zu Lëtzebuerg Schampes produzéiert gouf. Déi Kellere mussen erhale bleiwen a goufen am Virfeld genee dokumentéiert. Enn vum 19. Joerhonnert hat d’Maison Mercier hei eng Produktioun opgebaut. No dem Éischte Weltkrich ass d’Entreprise nees zeréck a Frankräich gaangen.
Zil ass et, all Acteure vun der Sécurité sociale op engem Site ze regroupéieren. Am éischte Gebai si schonn e puer Servicer doheem. An dat neit Gebai kommen ënner anerem d’Pensiounskeess, d’Familljekeess an de Fonds de compensation.
Finanzéiert gëtt de ganze Projet vum Fonds de compensation, also aus de Reserve vum Pensiounssystem. Déi éischt Bauphas huet 176 Milliounen Euro kascht, déi zweet ronn 141 Milliounen. Am Ganze kascht de Projet also ronn 372 Milliounen Euro.