Grupp Saint-PaulRTL-Informatiounen no verléieren 71 Mataarbechter hir Aarbechtsplaz

Roy Grotz
Dës Woch war jo no engem Desaccord iwwert de Sozialplang d'Non-Conciliatioun tëscht dem neie Proprietär Mediahuis an dem LCGB gesprach ginn.

D'Lëtzebuerger Wort entléisst 71 Mataarbechter, dat huet de Generaldirekter Paul Peckels confirméiert. Dës Woch war jo no engem Desaccord iwwert de Sozialplang d'Non-Conciliatioun tëscht dem neie Proprietär Mediahuis an dem LCGB gesprach ginn.

De Paul Peckels huet präziséiert, datt d'Leit iwwer Videokonferenz informéiert goufen an datt déi respektiv Bréiwer e Mëttwoch och erausgaange sinn.

Wéi déi Leit sech opdeelen a wéi vill Journalisten hir Aarbecht verléieren, wollt hien net soen, dat wieren intern Informatiounen, déi een net géing eraus ginn. Hien ënnersträicht just, datt dës Restrukturatioun keen Impakt op den Inhalt vun der Zeitung hätt.

D'Gewerkschaft reprochéiert dem neie belsche Proprietär, just Suen wëllen ze spueren. Dat wier falsch, seet par conter de Generaldirekter. Et géing ee sech Suergen ëm d'Zukunft maachen.

Och de Reproche de Kollektivvertrag géing net agehale ginn, léisst de Paul Peckels net gëllen a betount, dee géif "à la lettre" applizéiert ginn.

Non-Conciliatioun beim Medien-Grupp Saint-Paul: Artikel vum 27.Oktober 2020

Back to Top
CIM LOGO