Diddelenger Rond-PointRout Luuchte sollen den Trafic duerch de Kreesverkéier reegelen

Christophe Hochard
Am Abrëll 2021 goung de Rond-Point beim Diddelenger Staatslabo op. Vum 2. Mäerz u gi rout Luuchten installéiert.
Diddelenger Rond-Point
Rout Luuchte sollen den Trafic duerch de Kreesverkéier reegelen.

De Rond-Point zu Diddeleng/Biereng ass mat engem Duerchmiesser vun 135 Meter den zweetgréissten am Land. Den Iergäertchen huet 140 Meter. Tëscht Mee 2016 an Abrëll 2021 gouf de Kreesverkéier beim Staatslabo gebaut. Op 51 Milliounen Euro hu sech d’Käschte belaf. Den 28. Abrëll viru 5 Joer gouf en inauguréiert.

Virun net all ze laanger Zäit goufen déi eenzel Bunnen am Rond-Point un déi aktuell Situatioun ugepasst, respektiv verbessert. Geschwë solle rout Luuchten den Trafic duerch den Diddelenger Kreesverkéier reegelen. Scho wärend de Bauaarbechte goufen extra Emplacementer virgesi fir spéider mol Rout Luuchten do z’installéieren.

Vum 2. Mäerz un a wärend ronn 3 Wochen daueren d’Aarbechten déi vu Ponts et Chaussées duerchgefouert ginn. Et hofft een, dass de ganzen Trafic da besser duerch dëse grousse Rond-Point kënnt.

Back to Top
CIM LOGO