Invité vun der Redaktioun (2. Februar) - Romain WolffWie verhandelt de Gehälteraccord beim Staat? Regierung soll "Positioun bezéien"

François Aulner
E Méindeg de Moie war de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP wëll net, datt d’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB de Gehälteraccord beim Staat mat verhandelt. Dës wëllen do dobäi sinn, well d’CGFP och am permanente Beschäftegungscomité sëtzt. “Et ginn Äppel mat Biere verglach”, esou de President vun der CGFP Romain Wolff e Méindeg de Moien hei op RTL. A sengen Ae wier et net gutt, wann ee géing probéieren, d’Gewerkschaften ze splécken an et géing kengem am ëffentlechen oder private Secteur eppes bréngen.

De Romain Wolff huet drun erënnert, datt den OGBL bei de Sozialwale fir d’Chambre des fonctionnaires et employés publics just ee Sëtz huet an d’CGFP der 23 (*). Fir hie wier kloer, datt si eleng “do um Dësch sëtzen”. Hien huet d’Regierung a besonnesch de Minister fir d’Fonction publique Serge Wilmes opgeruff “kloer Positioun ze bezéien” an d’Polemik ze begruewen.

A sengen Aen hätt d’Staatsbeamtegewerkschaft ëmmer gutt verhandelt. Hien hätt seelen de Géigendeel héieren. Zugläich wier se ëmmer raisonnabel gewiescht, ewéi se zum Beispill 2010 a wärend der Covid-Pandemie Nullronnen acceptéiert huet oder nach 2022 eng sozial Komponent.

Mam Romain Wolff hu mir och iwwert d’Reprise vum Sozialdialog ënnert dem neien Aarbechtsminister Marc Spautz geschwat. D’CGFP ass mat der Union sydicale op enger Linn, datt de Mindestloun misst gehéicht ginn, well en net duergeet, notamment fir sech eng Wunneng ze leeschten. De Romain Wolff huet Versteesdemech dofir, datt de Mindestloun an d’Luucht setzen, Drock op d’Betriber an d’Präisser ka maachen, mee hie misst sech als Gewerkschaftler fir d’Interessie vun de Leit asetzen.

Beamten droen d’Demokratie

Drop ugeschwat, datt de Medianloun bei der Fonction publique der Etüd vun 2022 zweemol esou héich ass ewéi de Median am Privé huet de CGFP-Chef betount, datt net jidderee bei Staat iwwer 9.000 Euro verdéngt. Hie géing dovunner ausgoen, datt, wann de Staat Leit astellt, en dat mécht, well en der braucht an da missten d’Aarbechtskonditioune stëmmen.

Nieft der “Apartheid-Ausso” vum LCGB-President Patrick Dury viru bal engem Joer huet den däitsche Magazin Der Spiegel virum Weekend en Une publizéiert mam Titel “Warum Deutschland weniger Beamte braucht”. D’Privileegie géingen d’Land splécken an Drock op d’Staatsfinanze maachen. De Romain Wolff huet esou drop reagéiert: D’Beamte beim Staat a bei de Gemenge géingen “d’Demokratie droen” an dofir suergen, datt se richteg gutt funktionéiert.

Polizisten a Schoulmeeschter wiere gebraucht an dofir géingen der och nach weider agestallt ginn. Mussen et ëmmer Beamte sinn? Wann et der CGFP nogeet, am léifste jo, mee “mir wëssen och ganz realistesch, datt hei zu Lëtzebuerg, datt et och ganz dacks Employéë sinn, déi awer wuel esou eng ganz gutt Aarbecht maachen ewéi d’Beamten”. Ass dat net eng Inegalitéit? Dat géing de Romain Wolff net soen : “si sinn alleguer an hirem Rôle, et sinn ebe verschidden Aufgaben”. Et géing Aufgabe ginn, wou een haaptsächlech oder nëmme Beamte bréicht, mee anerer, wou een och kéint Employéen hunn.

CGFP géint Établissements publics de droit privé

D’CGFP huet iwwregens Sträit mat der Regierung, well an hiren Aen ëmmer méi Etablissementer geschaaft ginn, wou am Géigesaz zu deem, wat an engem Accord vun 2002 festgehale gouf, d’Leit ënner Droit privé agestallt ginn. Dat wier lo nees de Fall mat der neier Agence, déi Medikamenter soll kafen. De Romain Wolff huet sech gefrot, ob ee bei esou enger kruzialer Aufgab op de Wee vun engem Etablissement public soll goen.

E Freideg ass eng Conciliatioun virgesinn an hei hat de President vun der CGFP och nees e Message un d’Regierung: wa bis Enn der Woch keen Zeeche kéim, da géing een iwwert déi nächst Schrëtt decidéieren. D’Aart a Weis, fir net mat der Gewerkschaft ze schwätzen, géing “näischt bréngen”, huet de President vun der CGFP bedauert.

Nom Interview e Méindeg de Moien huet de Staatsministère es matgedeelt, datt e wuel Wëlles hätt, mat der Staatsbeamtegewerkschaft iwwert ewéi zukünfteg Etablissements publics ze schwätzen, déi sollen organiséiert ginn.

(*) am Interview huet de Romain Wolff gesot, d’CGFP hätt 24 vu 25 Sëtzer an der Chambre des fonctionnaires et employés publics, mee gemengt war 23 vu 24. Am Ganze sinn et 29, woubäi der 5 dovunner fir de Groupe Gemengebeamten an Employéë bei de Gemenge sinn. Déi huet hien erausgerechent, well d’CGFP do der FGFC den Terrain iwwerléisst.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO