
Wéinst dem Tankrabatt wäerten am Staatsbeidel ronn 37,5 Milliounen feelen. Ma den allgemenge Plus un TVA-Recettë kéint dat awer opfänken. Déi Schätzung deelt den Energieministère mat.
Gekuckt gëtt déi zweet Hallschent vum aktuelle Joer. Bei d'Moins-Value un Accisë kënnt nach en TVA-Ausfall vu ronn 6,6 Milliounen Euro dobäi, well d'Reduktioun vu 5 Cent um Liter sech souwuel op d'Accisen, wéi op d'TVA auswierkt. Den Tankrabatt wäert also ronn 44 Millioune kaschten.
Op där aner Säit verweist de Ministère awer drop, datt déi generell Hausse vum Verkafspräis vun de Spritpräisser och generell méi héich TVA-Recettë mat sech bréngt.
Estimatiounen no beleeft sech d'Plus-Value hei op 61 Milliounen Euro, woubäi d'Deklaratioune vum leschte Februar als Referenz geholl ginn. Där Duerstellung no hätt den Tankrabatt also ronn 17 Milliounen era bruecht. TVA-Remboursementer fir Professioneller sinn net agerechent.
Dat alles äntwert de liberalen Energieminister Lex Delles dem LSAP-Deputéiere Mars di Bartolomeo op eng parlamentaresch Fro.
Op der Tripartite en Donneschdeg gouf festgehalen, datt den Tankrabatt am Februar auslafe gelooss gëtt.