Background am Gespréich (31. Januar)Versönlech Téin, trotz groussen Divergenze beim Mindestloun

François Aulner
E Samschdeg waren d'Nora Back an de Michel Reckinger eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background am Gespréich (31. Januar): Nora Back a Michel Reckinger
Eng Stonn, fir hannert d’Kulissen ze kucken.

D’Gewerkschaften an d’Patronat sëtze fir d’éischte Kéier zanter de Sozialronnen am Juli an am September nees un engem Dësch an zwar hei op RTL. Am Background dëse Samschdeg waren d’OGBL-Presidentin Nora Back an de President vun der Unioun vun den Entreprisë Michel Reckinger invitéiert.

Zur Ërennerung: d’Gewerkschaften haten am Oktober d’virlescht Joer, also viru bal 16 Méint, de permanente Beschäftegungscomité (CPTE) verlooss. Eng Rei Sujeten aus dem CSV-DP-Koalitiounsaccord bleiwen awer ze beschwätzen an de Beräicher Aarbechtszäitorganisatioun, Mindestloun a Plattform Economie. Dat virum Hannergrond vun der disruptiver Kënschtlecher Intelligenz, der neier internationaler Lag an dem permanente Logementsproblem.

Mam Nora Back a Michel Reckinger

Et wier elo net fir zeréckzekucken, et misst een no vir kucken an handelen. Dat soten d’OGBL-Presidentin Nora Back an de President vun der Unioun vun den Entreprisë Michel Reckinger e Samschdeg de Mëtteg bei eis am Background. Et hätt ee vill Defien a schwiereg Dossieren, déi waarden. No méintelaangem Sträit waren d’Vertrieder vu Gewerkschaften a vu Patronat versönlech, och wann een aus der Emissioun nach vill Divergenzen eraushéieren huet.

Op d’Fro, ob d’Gewerkschaften nees bereet si mam Patronat un engem Dësch am permanente Beschäftegungscomité CPTE ze setzen, huet d’Nora Back geäntwert: “Mir hunn ëmmer gesot, datt mer bereet sinn, rëm zu dräi un den Dësch ze goen. Mir wëlle jo dee Lëtzebuerger Sozialmodell zu dräi, mee mir brauchen halt Garantien, datt mer do eescht geholl ginn.”

Bei Mindestloun weider grouss Divergenzen

Grouss Meenungsverschiddenheete ginn et virun allem wat de Mindestloun ugeet. Dem President vun der UEL no, dierf deen op kee Fall einfach gehéicht ginn. “Mir brauche Wuesstem. Wou mer eng staark Ekonomie hunn, kënne mer investéieren, da kënne mer Aarbechtsplaze kreéieren. A wou mer Aarbechtsplaze kreéieren, da kënne mer och e staarke Sozialstaat garantéieren”, sou de Michel Reckinger.

Net eens ware se sech och iwwert d’Referenz-Montanten, déi solle geholl gi fir de Mindestloun festzeleeën. De Michel Reckinger huet insistéiert, datt een d’Gehälter aus der Fonction Publique erausrechent, well déi mat engem Median vu ronn 9.000 Euro de Mount déi Referenz an de Mindestloun ze vill géing an d’Luucht drécken. D’Nora Back sot, dat kéint een net erausrechnen.

Op d’Fro, ob de Michel Reckinger selwer gär bei de Verhandlungen iwwert e Gehälteraccord beim Staat dobäi wier, huet hie geäntwert, dat wier net säi Rôle. Allerdéngs wier “eng gewësse Retenue an deene Gehälter sécherlech sënnvoll, well einfach dee Gruef tëschent de privaten an de staatleche Gehälter, dee gëtt ëmmer méi grouss a mir kréien deen net zou.”

Aarbechtsrecht moderniséieren, jo. Mee wéi?

De President vun der UEL war och ganz averstan, datt et méi Kollektivverträg misst ginn, wa se “win-win” wieren, datt also esouwuel de Betrib ewéi de Salarié gewënnt. Allerdéngs konnt hie sech net mat der Presidentin vum OGBL eens ginn, wéi eng Aspekter vun der Aarbechtszäitorganisatioun per Gesetz solle festgeluecht ginn a wéi eng net. Fir d’Nora Back kéint een net gesetzlech Reegele maachen, déi fir jidderee gutt kéinte funktionéieren, well d’Betriber a Secteuren ze vill ënnerschiddlech wieren.

Logement, gréisste Problem

Aus all den Aussoe vu béide Säite konnt ee feststellen, datt déi deier Logementspräisser den Haaptproblem sinn, datt um Enn vum Mount net genuch iwwereg bleift. Dem Michel Reckinger no kréich een dee Problem awer sécher net mam Mindestloun an de Grëff. Fir d’Nora Back misst een antëscht awer weider gutt Paie bezuelen, well et och e Manktem u Main d’oeuvre gëtt. Dem Michel Reckinger no misst een d’Äerm eropstrëppen a kucken datt d’Ekonomie nees funktionéiert.

Bleift d’Union syndicale bestoen?

Wann d’Klima tëschent Gewerkschaften a Patronat elo besser ass, brauch et dann nach eng Gewerkschaftsfront? “Jo, méi ewéi jee.”, war et dorop d’Äntwert vun der OGBL-Presidentin. Zesumme wier ee méi staark, och méi duerchsetzungsfäeg. Wat d’Presidence vun der Unioun vun den Entreprisen ugeet, sinn aktuell keng Ännerunge virgesinn.

Et wier elo net fir zeréckzekucken, et misst een no vir kucken an handelen.
Dat soten d’OGBL-Presidentin Nora Back an de President vun der Unioun vun den Entreprisë Michel Reckinger e Samschdeg de Mëtteg bei eis am Background.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO