Als Invité vun der Redaktioun hat den Direkter vun de Ponts et Chaussées och eng Nouvelle am Gepäck:
Nächste Méindeg wäert d’Testphas ufänke vum Streckeradar op der N15 tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul. Warscheinlech virun der Päischtvakanz wäert en da schaarf blëtzen, dat sot e Freideg de Moien de Roland Fox. Hien ass den Direkter vu Ponts et Chaussées a war eisen Invité vun der Redaktioun. D’Radare wären ëmmer eng sënnvoll Saach, well se d’Vitess reduzéieren. An d’Vitess ass e grousse Risk fir schlëmm Accidenter. An den Tunnellen hätt de Streckeradar och gewisen, dass dann d’Vitess agehale gëtt. Ouni Radar wär sech zu 50% un d’Reegele gehale ginn. Mam Streckeradar géif ee bei 95% leien.
Op der Nordstroosss ass jo elo den Tunnel Stafelter nees ganz op. Do war jo aus Virsiicht, well et am Tunnel Grouft Problemer mat de Ventilatore gouf an de Belëftungssystem dee selwechten ass ewéi eben am Stafelter, eng Spuer zougemaach ginn. Iwwerdeems war d’Vitess limitéiert. Dem Direkter vu Ponts et Chaussées no wär dat bestëmmt net ëmsoss gewiescht. De Roland Fox sot, hie wär frou, dass ee konnt Entwarnung ginn. De Prinzip “Safety first” géif gëllen. An et wär ee streng mat den Tunnellen. Do géife strikt Standarde gëllen, besonnesch no den uergen Accidenter am Mont-Blanc-, Gotthard- oder Tauerntunnel Enn den 90er, uganks den 2000er Joren, wou zeg Leit gestuerwe waren. Grad an där Zäit war d’Nordstrooss geplangt ginn. Lëtzebuerg applizéiert d’EU-Reglementer fir Tunnellen dowéinst besonnesch exakt, esou de Roland Fox.
D’Ponts et Chaussées këmmere sech och ëm den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn, der A3, déi a béid Richtungen op 3 Spueren ausgebaut gëtt. Et ass e ganz grousse Stroossebauprojet. Deemno huet den Direkter vun der Administratioun sech nëmme virsiichteg iwwer den Zäitplang geäussert. Ëmmerhi gouf et scho Retard mat de Strukture fir d’CITA-Signalisatioun. Beim éischte Worf vun den Installatioune gouf et schonn néng Méint Verspéidung. Déi nächst Aarbechte lafen am Fréijoer un um Ofschnëtt tëscht Beetebuerg a Léiweng. Den Ament kéint hien net soen, dass d’Ponts et Chaussées do net am Zäitplang wären.
Den Tram hält jo an Zukunft och a Richtung Süde beim GRIDX zu Wickreng. An zwar op der Säit vum grousse Shopping- respektiv Lifestyle-Zenter.
Laanscht d’Escher Autobunn steet op Steebrécker Säit awer schonn eng grouss Mauer vu ronn 200 Meter. Den Direkter vun de Ponts et Chaussées huet confirméiert, dass déi Mauer viru Joren an der Chamber decidéiert gi war, fir eben d’Tramsschinn do ze stabiliséieren. Elo gouf d’Streck changéiert. Déi vertikal Installatioun wär trotzdeem net iwwerflësseg, seet de Roland Fox. Se kéint als Schallschutz gebraucht ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.