Invité vun der Redaktioun (24. Februar) - Robert GoeresTrotz Defien: aktuell "méi ewéi flott, sech selbstänneg ze maachen"

Pierre Jans
En Dënschdeg de Moie war den Eenzelhandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Robert Goeres
En Dënschdeg de Moie war den Eenzelhandel Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

En Dënschdeg de Moie war de Geschäftsmann a President vun der Luxembourg Retail Federation Robert Goeres vun der Redaktioun invitéiert, fir d’Resultater aus dem neiste Retail Report anzeuerdnen.

Eenzelhandel am Wiessel

“Retail” ass Englesch fir “Detail"-Commerce op Franséisch an Eenzelhandel, wat sech aus dem Däitschen ofleet: Et ass e breet gefächerte Begrëff, deen den Online-Handel an deen am physesche Buttek mengt, a vum Bäcker bis bei de Bijoutier jidderee mat aschléisst, deen e Produit verkeeft.

Den Eenzelhandel ass am Wiessel. Dat ass kee Geheimnis. Als Invité vun der Redaktioun huet de Robert Goeres betount, dass d‘Geschäftsleit sech a Saachen Online-Handel besser mussen opstellen.

De President vum der Luxembourg Retail Federation huet et dacks betount: Et bräicht een eng gutt Mixitéit: den traditionelle Buttek an online.

Trotz groussen Defien huet de Robert Goeres Leit, déi mam Gedanke spillen, Entrepreneur ze ginn, motivéiert. Den Ament wär et “méi ewéi flott fir sech selbstänneg ze maachen.” Op ville Plaze kritt een Hëllef ugebueden, esou de Geschäftsmann. Als éischt huet hien de “Primo-création"-Programm aus dem Wirtschaftsministère ervirgestrach. Wie säin éischte Betrib opmécht, kritt déi éischt sechs Méint 2.000 Euro. D’House of Entrepreneurship hëlleft beim Businessplang. D’Mutualité de cautionnement vun der Chambre de Commerce dann hëlleft, déi néideg Kautiounen zesummenzekréien fir Bankgarantien. Last but not least huet de Robert Goeres d‘Initiativ “Localyze.lu” vun der Luxembourg Confederation genannt, déi e Kadaster vun de Butteker am ganze Land schaaft. Domat hätt een den Iwwerbléck, wat fir eng Betriber wou sinn, a wou et eng Clientèle gëtt.
Viru Joren hätt et esou Initiativen net ginn, bedauert de Robert Goeres. Dofir begréisst hie se haut ëmsou méi.

Ze vill Oploe fir kleng Betriber

Den Eenzelhandel wär ganz divers, sot den Invité, an esou ënnerscheede sech d’Situatioune vun de verschiddene Secteuren och enorm.
An der Alimentatioun zum Beispill goufen zënter 2019 110 nei Butteker opgemaach, dat ass e Plus vu ronn 20%. Besonnesch markant ass d’Hausse am Discount-Beräich, do ass d‘Verkafsfläch ëm 40% erop gaangen.
Bei den Handwierker ewéi Bäcker a Metzler ass d’Surface awer ëm 15% erofgaangen. De President vun der LRF schléisst doraus, dass grouss Betriber mat de villen Oploe besser eens ginn. Do bräicht et méi politesche Wëllen op Lëtzebuerger an EU-Niveau, fir kleng Betriber besser z’ënnerstëtzen. Déi vill Oploe sinn de grousse op eemol fir de soss optimistesche Geschäftsmann.

Schwéier hunn et effektiv Kleederbutteker. D’Leit kafe vill Online an et gi grouss Chaînen. Allerdéngs ass de Robert Goeres dovun iwwerzeegt, dass sech nei Nischen erausfilteren, déi d’Geschäftsleit kënnen anhuelen. An ëmmerhi gëtt et online kee Geroch, kee Geschmaach a keen Upaken, wat Virdeeler vun de richtege Butteker wären, betount de Robert Goeres.

Trend vu Mono-Butteker

Och am Luxus-Segment, an deem de Robert Goeres aktiv ass, schéngt et e reegelrechte Wandel ze ginn: Vill berüümten Haiser, vu Rolex bis Cartier, favoriséiere Mono-Butteker, also Geschäfter, an deenen exklusiv hir Mark verkaaft gëtt, an eben net zwou oder méi zesummen. Als Patron ass de Robert Goeres dee Schratt gaangen an huet sech an dräi Butteker all Kéiers engem Schwäizer Fournisseur verschriwwen. Jo, hien hätt dann Obligatiounen deene Marke géintiwwer. Hie gesäit dat awer éischter als Partnerschaft. Et géif drëms goen, innovativ ze bleiwen a probéiere Virreider ze sinn, esou de Patron. Hien huet och an deem Kontext op eng Mëschung gehalen. Et bréicht ee Butteker, déi méi Luxusmarke verkafen, awer fir passionéiert Clienten och där, déi sech op eng Mark spezialiséieren.

Fir de Robert Goeres ass och bei der Situatioun vun de Stater Geschäftsleit d‘Glas hallef voll an net hallef eidel. De Leerstand hätt sech stabiliséiert an d‘Parkinge wären dacks voll, wat fir de Geschäftsmann heescht: d‘Stad zitt Leit un, déi kafe kommen.

Invité vun der Redaktioun: Robert Goeres

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO