34 goufen der am Ganze bestallt an elo goufen déi éischt Joresrevisioune gemaach.
Dorënner och de 2417, deen den 12. Mäerz zejoert an den Asaz koum. Et war den 8. Coradia, deen d’CFL krut. Fir d’Joresrevisioun ass den Zuch ongeféier 30 Stonnen an der Hal. Do gëtt ënnert anerem d’Kraaft vun den Diere gemooss, mat där se zouginn, erkläert de Philippe Esch, ee vun de Maintenance-Aarbechter: “Et ass fir d’Sécherheet vum Client, dass deen do net eng Kéier kéint agequëtscht ginn. Dass déi Dier dann eeben och erëm opspréngt, fir dass de Client sech dann awer kann a Sécherheet bréngen. Hei bei den Trëttbrieder ginn haaptsächlech d’Sensore kontrolléiert, well och do dat mat Sécherheet ze dinn huet, dass déi Trëttbrieder eragefuer sinn, dass mir net ënnerwee Saache mat ewech rappen.”
Revisioune sinn a geneeën Ofstänn geplangt, déi mussen agehal ginn. Wann d’Deadline nämlech iwwerschratt gëtt, missten d’CFL de concernéierten Zuch aus dem Verkéier zéien. An do ginn et e puer Zorte Revisiounen, erkläert de Jeannot Frieden, Chef vum Centre de maintenance: “Déi preventiv Wartung vun de Gefierer ass modular opgebaut, dat heescht, déi klengste Wartung, déi kënnt bei dräi Méint. Do gi ‘pièces d’usures’ kontrolléiert, do gi Filtere getosch. An déi Wartung widderhëlt sech all dräi Méint an do ginn och keng ausfale gelooss. An do kommen nach Wartungsstufen dobäi, déi entweder op de Kilometrage ginn, oder op d’Zäit ginn, wou dann aner Systemer kontrolléiert ginn.”
Fir den Entretien vun de Coradia-Gefierer gouf eng nei Hal gebaut, den “Hall 4”, deen 18 Meter breet, 93 Meter laang an 12 Meter héich ass. Am Oktober 2023 gouf en ageweit. Fir Maintenance-Aarbechten, wou zum Beispill Achse mussen ersat ginn, geet den Zuch an eng aner Hal, wou och déi aner Zuch-Modeller hiren Entretien kréien, well do kann d’Gefier nämlech an d’Luucht gehuewe ginn, wat am “Hall 4” net méiglech ass.
Awer bréngt déi nei Hal eng Rei Virdeeler mat sech: Well vill Maintenance um Daach vum Coradia muss gemaach ginn, sinn, am Géigesaz zur anerer Hal, keng Catenairen am “Hall 4”, wouduerch d’Gefor vun de 25.000 Volt net besteet. Esou kéinten d’Aarbechter fräi um Daach vum Zuch schaffen.
Prinzipiell besteet e Coradia aus 3 oder 6 Voituren, wou jeeweils 334 oder 692 Sëtzplaze sinn. Alternativ kann en Zuch vun 9 Waggonen (mat Dausend Sëtzplazen) aus deenen zwee Zich zesumme gesat ginn. Nëmmen ee Gefier vun 3 Waggone passt an den “Hall 4”, déi méi laang mussen dann auserneegeholl an opgedeelt ginn.
Déi franséisch Entreprise Alstom huet d’Zich jo a Spuenien, net wäit vu Barcelona, gebaut. Den Ament maache si nach déi kurativ Entretienen, also d’Depannagen, wärend d’CFL déi preventiv Maintenance maachen. Op all Gefier ass eng Garantie vun 2 Joer, déi awer eréischt ufänkt ofzelafen, wann d’Gefier e gewëssenen Zouverlässegkeetsniveau erreecht huet an d’CFL dann d’Depannage vun Alstom iwwerhuelen. 2027 sollen all d’Zich ukomm sinn.